D'Foto as vun der Lucht an den Farwen an der Rei, just d'Heiser hätten net missten hannendrun sin, wat nach net schlemm wir, wann net deen aneren Auto (Hyundai schengt et ze sin) duerch d'Fenster ze gesin wir, an ech hätt deen heneschten Pneu net ofgeschnidden.
Mee den Wenkel hues de menger Meenung no ganz gutt getraf.
merci
deen Auto war just dee Moment komm , an dat hei war deen Daag mäin "beschten shot".
Jo, riets wier et besser gewiecht eng vue op ee laange Feld ze hun; elo wann d'Wieder besser gëtt fueren ech nees dueruechter kucken, wou et schéi Felder gëtt
Flott as d'Spieglung vum Sonnenennergang am Lack vum Auto. Soss as awer net vill un der Foto.
Den Auto as schéin gewäsch, sou proper as mäin nie. Mee dofir hun ech net sou een Allerweltsauto
also ech schleisse mech der kritik vun den heiser am hannergrond an och dem hyundai un!
ech giff awer och nach soen dass ett besser gewiercht wier wann d'fenster vum auto zou gewiercht wier an d'reflektioun vum himmel net ennerbrach giff gin. soss awer gefällt den cadrage vum auto mer och gudd...