Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Teddy

 
Teddy
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    23.02.2006
  • Gekuckt:
    16297
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    7
  • Beliichtungszäit:
    1/30
  • Blend:
    f/5.6
  • Brennwäit:
    190 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x533
  • Späicherplaz:
    71 KB
  • Originaldatum:
    2006:02:21 18:12:19
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 350D DIGITAL
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobannen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=4094]
Kommentar vum Fotograf:
Hu mech mol u Photographie mat Luucht a Schiet gewoot. Mee gi na net su ganz eenz domat. Geing ganz är mo mi professionell Kritik kreien. Ass lo net dat speziellt motif mee hu naischt bessseres fonnt.
Mojoo 23.02.2006 - 21:55
Ass awer schein gin! smile An d'Motif ass o flott! D'Faarwen vum Hannergrond an Pëtzi passen super beieneen.

Dat eenzegt wat mer lo hei net gefällt ass di Faal am Hannergrond hannen lenks.
Flulles 23.02.2006 - 22:17
daat dooten ass mol rem eng Foto di engem d'Kantheetsdreem zreckbrengt!?...smile...deck gudd!...fannen se impekable!
gloda 23.02.2006 - 22:34
Beliichting um Bier as ganz gudd, mee d'Schieter sin schlecht, ze graff. Wats de brauchs as eng méi breed Luuchtquell. Du kanns zum Beispill Pergamentpabeier firun déng Luucht/Bletz halen, dann get d'Liicht direkt méi Diffus.
Sylvia 23.02.2006 - 23:46
Den Petzi ass leider nit scharf ginn soss wier se ganz flott :o)
dawnii 24.02.2006 - 07:56
Mjo d'Beliichtung fannen ech eierlech gesoot schon ganz flott. Ech hätt se vläit e bessi mei no fir gezunn, datt den Petz bessi mei vun vir beliicht get. Fir dei doten Foto wier mei eng kleng Blend och nach besser gewiecht, dann wier en bessi mei kloer gin iwerall.
An dann nach emmer oppassen datts du nix dran hues waat net richteg zu Foto oder Hannergronn geheiert. Uewen lenks sin nach irgendwelch Spueren vun Objeten oder Schieter.
Mee si as ganz eierlech gesoot och schon sou net schlecht
Ted_Lapidus 24.02.2006 - 18:16
wei gesoot den hannergrond.... dann dat mat der blend ass och richteg... eng 8 oder 11 wier ganz ubruecht...dann kanns de der nach ee reflektor bastelen, vir dei donkel sait net graat esou graff zemaachen... dovir hëlls de der aus der kichen een brout-brietchen an päcks et an aluminium-pabeier an, deen kanns de dann esou platzeieren dass dei lenks sait vum net graad esou hard gett...oder et hëllt een styropore, deen reflekteiert och ganz gudd...
ech giff d'luut och net graad esou héisch platzeieren , mei vun der mett beliischten den rescht mecht dann den reflektor vun der lenkersait! mee den wee ass gudd....
Anonzim 24.02.2006 - 18:21
jop hutt recht di faal as lästeg. an dat mat der blend an dem aluspabeier probeieren ech mo eng keier aus. Weisen dann an deene nächste deeg d reslutat. Trotzdem en decke merci. smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Halerbaach

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: nazaretalaragon
Am Ganzen: 3728
keen Benotzer an 540 Gäscht online