Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Unsere gefiederten Freunde

 
All Fotoen an dëser Serie:
3893 Thumbnail
3894 Thumbnail
3895 Thumbnail
3896 Thumbnail
3897 Thumbnail
Unsere gefiederten Freunde
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    19.12.2009
  • Gekuckt:
    28987
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    9
  • Originaldatum:
    19.12.2009
  • Fotoapparat:
    NIKON D700
  • Objektiv:
    Sigma 170-500mm 1:5 - 6,3 D APO
Kategorie: Déieren »» Vigel allgemeng  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=41411]
Kommentar vum Fotograf:
Lo, wou et kaal ass a Schnéi läit, kommen se neess an d'Gärd kucken, ob et do näischt ze frupse gët. Bei eis hun se d'Spackelter un de Rousenhecken entdeckt.
Shantideva 19.12.2009 - 21:42
Schéin Serie... Ech hat sou een Kolleg mat orangem Bauch (Foto 4) ganz lang als "Hausdéier". Daat ass eng flott Erennereung. Wéi eng Katz ass heen (den Titi) emmer erem zereck komm an d'Kischen, an den Käfeg fir owes ze schlofen an ze iessen. Flott Serie!
Nicon07 19.12.2009 - 21:47
Merci! Dat ass iwregens ee Routbrëschtchen (Rotkehlchen op däitsch). Has du sou een domestizéiert, wow! Ech färte just fir méng Gardendéieren, well dem Noper séng Kaaz huet se och schon entdeckt. An dat ass eng, soen ech dir, wäiss wi d'Onschold, awer fauschtdéck hannert den Oueren. Si huet d'Wullmaispopulatioun an eisem Gaard zimmléch ënner Kontroll smile, an am Wanter musse mir d'Vigelfudder héich ophänken... unhappy
Shantideva 19.12.2009 - 21:54
Jo, ech hat sou een eng lang Zeit (also, laut mengem Empfannen wann ech sou zereck denken). Den Titi haat emmer seng Feiheet an ass awer emmer eremkomm fir am Käfeg sen Kären ze iessen. Awer, ewéi eng Katz, ass deen all Daag erem komm fir am Käfeg ze schlofen an am Haus honderem ze fléien. Leider huet him daat och eng Kéier een Been kascht well heen um Buedem war an mir den Desch gereckelt hun. Do hun mir him een Been gebrach. Duerno haat heen eben just nach een Been well den Veterinär him daat aanert oofgeschnidden haat.
galileo 20.12.2009 - 11:22
Wow - déi sin dach normalerweis esou schei, datt se scho fortfléien wann een nëmmen um Blënderiedchen dréint bigsmile

Cool.

Fir mech och den No. 4 - vläicht nach liicht geschnidden, fir méi no runzekommen...
Nicon07 20.12.2009 - 11:49
Wann een hannert der Fënster an Deckung ass an si sou hongerech sin, datt se alles ronderem séch vergiessen, da kritt een se.
Maimonides 19.12.2009 - 22:23
Di 4. gefaellt mir am Besten.
Ganz schein Serie, Nico.
Nicon07 19.12.2009 - 22:27
Mir och, do hat ech Chance, datt de Roudbrëschtchen esou witzeg ëm den Eck kuckt. Déi Déieren sin esou eppes vu wibbelech, dat ass net ze beschreiwen.
Jeanny 20.12.2009 - 07:08
Eng ganz flott Serie Nico,
hunn se och am Gaart, awer net dat richtegt Objektivunhappy
Nicon07 20.12.2009 - 10:53
Mäin Objektiv ass am Fong och net dat richtegt: et ass net grad liichtstark (1:5-6,3) an a puncto Schärft kéint et och besser sin. Et ass eben een Objektiv vu virun 10 Joer, wat net fir Digitalvollformat gerechent gin ass. An awer...


Merci, Jeanny. Ee schéine verschneitene Sonndeg!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Halerbaach

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: nazaretalaragon
Am Ganzen: 3728
keen Benotzer an 454 Gäscht online