Tim Borton lässt grüßen! Den Hg ass top gewielt, mee d'Bea ass nach ze brav, ze normal. Probéier eng méi düster Atmosphär dran ze kréien. Géif den Buedem an eng Gro-Blo ëmfierwen, dat ganzt desaturéieren, just den Mond bëssen méi faarweg wéi den Rescht, an dann d'ganzt Bild och nach en gutt Stéck méi kal maachen. Hues de Sweeney Todd schon gesinn?
Merci vir dein Comment, jop den Buedem lo um Bild gefaellt ma och net zu 100ert% ... Schloofkummer bei eis huet missen schnell doefir duerhaalen
Vun da Teinung hier hat ech se mei am "kaalen" mee dun hued ma se sou awa een Tick mei gefall ... Mee mam Buedem werd ech awa ob jidefall probeieren. THX dir.
Hunn se eng Kéier selwer duerch den Ps gezunn, schécken der se als PSD wanns de wëlls (brauch nach eng Email-Adress), dann kanns de genau kucken wat ech gemaach hunn.
432x900 pixel passt iergendswei net an en 2:3
as ongewinnt eppes ze gesin waat net den Format huet...get warscheinlech bessi kniffleg se op den Pabeier ze brengen ouni dSchéier huelen ze mussen...
mengen as einfach nemmen "ongewinnt"
Mmmh jo. Hat se lenks a riets na zimlech ge cropt. Setzen di mecht am fong mat ... X 900 erop. Hun bus elo ganz weineg erausgedeckt. Wollt daat awa mol ufängken. Waat keinste ma vun anstennejen printer proposeieren ?!
(war net op dOpléisung bezunn (900pixel) bezunn - mee op dSaitenverhältniss: Breet x Längt, waat net "standard" as)
beim Printer sin ech selwer jo emmer fir EPSON - mee Canon mecht mettlerweil och guddes...(an deires)
lossen meng Prints awer meeschtens bei FOTO.LU maachen - as mei einfach, genschteg an TOP Qualiteit...
fannen dass et sech net lount doheem an der Stuff ze drucken