Extras: Mat selwergebasteltem Rengbletz, mee freihand
Fir anzesetzen: [pg_img=73296]
Kommentar vum Fotograf:
Jo, ech ginn zou, dem Leena seng Fotoen hunn mech inspireiert nees mat Schmink zeschaffen. Ass leider emmer besi mei kniffleg wann een Model an Fotograph an engems ass... ;)
Gold Glitzer Bling Bling . Fannen déi och ganz flott, top Schärft zemols fir een Selbstporträit fräihand vun eso no run. Schéin interessant Détailer an a ronderëm d'Aae, flotten gefällegen an zu den Aaen passenden make-up, do huet däin Model sech awer ganz vill Méi gemach
Tjo, ech sinn och allt 'nemmen' eng Fraa, do ass Glitzer Bling Bling munschmol Pflicht Jo, den Visagist huet sech beim Model defoulleiert ass allt gutt dat ech net och nach en Stylist gebraucht hunn, soss wier et hei besi enk ginn...
Gefaellt mer, hu jo scho meng Komplimenter betreffend selwer Fotographe an Model ze sin ausgeschwaat gehaat.
Eng Flott Kombinatioun daat Gold an Blo, ganz passend zu den Aen an och flott dass et eigentlech genau de contraire vum Leena senger ass.
Leena hat mat roud geschafft, heischkannt, och d'Aen an d'Braue provokativ an waarm, deng am contraire panorama, blo, mi kaal an mei kaltblueteg/ "ouni Gefill"
Super Foto!
Ech mengen ech probeiren daat lo och mol, muss just nach d'Frendinn iwwerrieden
PS: däi selwergebastelten ringblitz huet mol keen sou e schlechten effekt gemeet, ok ass net gläichmeisseg, uewe mei wi ennen, ass jo normal, mais schon e ganz flotten effekt!
Ech fannen et och witzeg dat den Moment dem Leena seng sou zesoen fir zevergleichen nierwen drun steet als Wochenfoto.
Du hues Rescht, et ass wirklech den Contrair an dobei wollt ech am Unfank och mat Rout schaffen. Ass awer herno vum Gefill hier awer an dei bloo-türkois-gellen Tein gaangen. A là die Augen, das Tor zur Seele, sou huet mein Gefill souzesoen meng Aan refleckteiert
Du iwerrieds lo gären d'Frendin dats du et schminken dierfs? oder just fir Fotoen zemaan?
Jo, an der Reflexioun fellt et schon op dat den Rengbletz net ganz gleichmeisseg liicht, misst ech glaat am PS nach besi nohelefen
Wann ech eng keier Geld zevill hunn, get sech een kaaf...
hmm d'Frenndinn selwer schminken ass och nawell eng gudd Iddi, dann kann ech mech och als Make-up-"artist" vernennen
Ech iwwerleen och fier en Ringblitz, sou een originaalen ass mer fier di puer Keieren, respektiv fier mol unzefaenken domadder och ze deier, ech iwwerleen mer fir sou een "o-flash" opsaatz fier op den Bletz EX430II, do ass d'Auslichtung och net 100% homogen (also uewen bessi mei wi ennen) kascht allerdengs och nemmen /- 25 €