Dat ass der dach emol eng cool Vue op d'garer Platz. Schéin Déift am Bild a super Tounwärter, an en plus nach d'Gebaier gutt ausgeriicht trotz den 20 Millimeter Brennwäit.
Gefällt mir exzellent!
Merci Marc,
ech mengen ech hun mech nach nie esou op en Riesenrad gefreet wei hei, fier nei Perspektiven ze kreien. Mä ech war mir net bewosst wivill Stangen an Seeler do kennen henneren
Freet mech wann se gefällt
Merci fier den FAV
Dat ass dacks esou an der Fotografie: do seet ee séch vu baussen: Wat muss dat eng Vue vun do bannen raus sin! an dann ass een enttäuscht, well vu bannen irgendeppes de fräie Blàck blokéiert.
Pass op! Ech war e Mëttwoch kurz viru Mëtte och do um Buedem ënnerwee mat analogem Geschiir. Dat muss lo nach an ee pays de développement geschéckt gin an da wärt ech Enn der nächster Woch dat hei weise kënnen. Mol kucke, wat ech do gezwafft hun.
P.S. Wann hei ee Spezialist an der urbaner Fotografie ass, dann ass dat awer éischter de georges wéi ech, oder?
Ech droen se réischt e Méindeg an d^Postkëscht. Ech wëll nit, datt se do an deem giele Blechdëpen an der praller Sonn nach grillen, eet se bei den Entwéckler gin.
Do hun ech dach irgendwann mol sou een Zitat gelies, vu wiem weess ech nit méi, do housch e fräi iwwersatt: Wanns du wëlls Gedold léiere, schaff am Gaart! Mais dat ass méi liicht gesot, wéi gemaach.
Bei der Fotografie ass et grad sou, och wat d'Pl?cken ugeet.Wann ee s?ch nit ganz s?cher ass, datt d'Aerdbier zeideg ass, da muss een et nach h?nke loosse, mais wann een et ze laang h?nke l?isst, dann ass et faul. Et ass di Geschicht vum Raymond Clement s?ngem "siiwente Wandstouss". Vl?icht kenns du d?i Geschicht jo, wou hien erkl?rt huet, w?ini den Z?itpunkt fir auszel?ise komm ass.
Dei vum siiwente Wandstouss kennen ech net, awer dofier den R.C. an ech mengen deen huet aus senger Beobachtungsgab den richtegen Feeling entweckelt fier am richtegen Moment dobei ze sin.
Vleicht war et grad den siwenten deen mier beim Ketti sengen Fändelen d'Gare freigestallt huet ... wien wees
Genial, ganz uspriechende Bildopbau mat enger Entréee and d'Bild, waat aus der Héicht net esou evident ass. Super Opnaam Tom. Lo huet d'Kaatz de Vull mat der Maus an dem Keiss geholl
Lo gesin ech réischt, datt een owes um halwer 8 muss dohinner goe, fir datt d%u2019JJ-Strooss als « Torche » oder « Spotlight » hire groussen Optrëtt huet. Dat ass also d%u2019Geheimnis vu gudde Fotoen, datt een net op den éischte Bléck bewosst erkennt, wou d%u2019Kiischt um Kuch läit.