Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
Nemri_Blue
Carmen
Derbäi säit dem 16.02.2006
Allgemeng Informatiounen & Kontakt
  • Läschte Login: 28.04.2015 - 0:33
  • Schléift meeschtens zu Homburg
  • Ass gebuer den 25. Dezember
  • Interesséiert sech fier Sport, Fotografie, ...
  • Ass am Moment Studentin zu Homburg
  • Fotograféiert am léifsten Natur, Kanner,...
Technësch gesinn ...
  • Vertraut am Material op Canon
  • Schafft mat der EOS 5DII (DSLR)
  • Fotograféiert mat 21,1 Megapixel
Beléifste Fotoen
     
Annick 08.07.2006 - 16:58
Hey!
Majo gesinn 't huet nach keen dir hei rageschriwwen smile majo decke Lob un deng Fotoen sinn all extrem schéin smile
annemie 17.09.2006 - 18:32
Hallo smile
No gescht um Stau hun ech mer mol geduet ech geng mer deng Fotoen ukucken kommen, dei gefaalen mer immens gudd!!!
Majo t gesait een sech hoffentlech rem iergendwann closed_eye ciao
Nemri_Blue 18.09.2006 - 10:13
Moien Annemie. Merci fir dain Kompliment!!! smile Mir waerten eis sech eremgesinn, et war flott um Stau an et war Schued dass ma hunn missen esou fréi erem goen.

LG
Johny 18.09.2006 - 03:10
Hey Carmen,

Ech haat et schonn bei deser Foto derbäi geschriwwen:

!Dës Foto ass net méi am System!

Dir sidd allen zwee ganz sympatescher smile. An ech si secher mer wärten eis nach puer mol remgesin. Merci iwregens och fir de Link op Photogen.lu dens de op dénger homepage drop hues! Déng Motiver erschéngen mer logesch gewielt, wou ech bis gelies haat waats de studéiers, hehe closed_eye
Nemri_Blue 18.09.2006 - 10:05
Salut Johny,
Merci, fir dain léiwen Message. Ech fannen dech och ganz fein an sinn frou dass ma eis na di puer Stonnen konnten huelen fir op den Meeting ze kommen. En war fir eis net esou super gefall well ech grad derbai sinn Klausur ze léiren an ma jo owes och schon invitéiert waren. Mee ech freen mech schon op den nexten Meeting wou ech hoffentlech waert am Land sinn. (Kommen jo net all Weekend heem, dofir haten ma bis elo emmer Schwieregkeeten matzekommen.) Mir waerten eis secher na emol erem gesinn well ech hunn et ganz flott an interessant mat iech all fond.
Dat mam Link ass dach selbstverständlech smile.
Wat Motiver ubelangt: Jo ech hunn mat deem ganzen Stress net oft Gelegenheet fir op Fototouren ze goen dofir profitéiren ech dann vun eisen Exkursiounen op der Uni resp. eisen Kueren fir dann epes ze fotograféiren wann ma eppes an d'Aan stéisst. Hun main klengen Sony eigentlech emmer bei mir, well et wees een jo nie... smile Fir de Recht hunn ech zwar oft Schwieregkeeten fir en richtegen Sujet ze fannen haptsächlech dann wann ech zum Beispill ganz vill oder eng grouss Fläch onderem mech hunn an ech mech op eppes begrenzen soll. smile
Merci na emol fir deng léif Kommentarer,
Léif Gréiss,

Carmen
Johny 18.09.2006 - 23:54
Wisou sollt ech nët wellen hei liesen? closed_eye

Et freed mech wann et och dir gefall huet, op manst déi Zäit wous de do wars. Ass jo schonn eng gudd Viräussetzungen fier déi nächjst Kéieren awer, wann et eirch do méiglech ass ze kommen bigsmile
OK-Photography 16.04.2007 - 22:13
heyho!just mol enka laanschtgesurft an moien gesoot....closed_eye
waat seet dei nai Cam?:o)
CANON 20.05.2007 - 12:29
Hee Hallo

Ech wolt och eemol bei dech kucken kommen ...
Jo deng Macro Photoen sinn supper gemach.....an daat matt den Blummen ass supper....

Salut

René, oh nee (CANON)
Kiichiii 05.07.2008 - 10:41
Hallo gei mol den lagerfeuermeeting kuckensmile
wär mega cool dech do ze gesinn smile
OK-Photography 15.09.2010 - 14:58
Heya smile

et get News:

Den 19. September 2005 um 20.05h war et esou wäit: www.photogen.lu ass als éischt lëtzebuerger Fotocommunity online gaangen.

Dat sinn elo genee 5 Joer hier, a säit deem ass vill geschitt.

Mir wëlle mat Iech all zesummen dëse besonneschen Dag feieren. Treffen ass den 18. September 2010 ab 14.00h zu Jonglënster am Centre Culturel an eisem fonkelneien Clubsall (ënnert dem Dag)

fir Iessen an Gedrénks, Workshops, en Contest mat Praisser an villes méi ass gesuergt an et giff eis freeën wann s och du derbäi wiers!closed_eye
Nemri_Blue 27.09.2010 - 11:40
Salut,

Jo ech konnt leider net derbai sinn. Ech war de ganzen Weekend krank. unhappy Ech wier awer gären mol erem derbai gewiecht.
OK-Photography 06.09.2012 - 01:11
Huet mech gefreet dech mol nees enka remgesinn ze hun! smile
thanks fir den Add, duercht allerdings du wiers na an menger Lescht - emmerhin, lo bas de et nees! closed_eye
Nemri_Blue 06.09.2012 - 07:46
Ech war och frou mol rem eng Kéier derbai ze sinn an iech remzegesinn. Et war en flotten Owend... smile
Ech duecht och mir missten eigentlech "Frënn" sinn, mee iergendwéi stoungs de net an menger bescheidener Lëscht... dunn wollt ech dat emol séier enneren... smile
OK-Photography 06.09.2012 - 23:04
So wans de mer deng Fotoen vum FouerMeeting op meng Emailadress (dropbox?) zoukommen léiss setzen ech se an der Meetinggalerie mat rop...

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 399 Gäscht online