Ech hun leider keng Referenz mei zum aalen Bild, mee ob den éischten Bléck gesäit dei hei besser aus.
D'Faarwen sin mei kräfteg an kommen besser zur Geltung.
Ech hun och netmei d'Gefill dass se giff kippen. Wann, dann ganz liicht no lenks, mee mengen éischter net.
De Sujet an d'Faarwe gefale mer, ech kéint mer awer en anere Cadrage virstellen, deen esou ausgeséich:
E Stéck manner vum Séi ënnen am Bild, an d'Haus an der Intersectioun vun imaginäeren Hëllefslinnen rechts uewen , wann een d'Bild vertikal an horizontal an 3 Drëttel géif opdeelen. Oh je ech weess nët op dat lo verständlech ass: de Fransous seet zu dëser Bildopdeelung "les 4 points forts"...