Hei gesäit een op e Plateau matzen an de Bierger. Do liewen d'Leit nach vun de Resourcen déi se selwer hierstellen, dat ganzt geet do komplett anescht, nemmen puer km ewech vun den Touristen.
Gefällt mir, virun allem d'Faarwen! Ech hunn och irgendswei d'Gefill, dasste duerch dein gewielten Cadrage et fäerdeg bruecht hues e bessen Uerdnung an dei Landschaft ze brengen...bon ass irgendswei schweier auszedrecken
1. Wat de Schleier betrëfft: deen ass nun eben mol do: durch Diffraktioun vun nët propperer Loft. Fir waat solls du deen also nët weisen dierfen.
2. Uerdnung an d'Landschaft: ass dat nët ë bëssen arrogant wa mir grieschiche Bauren beibréngen sollen fir Uerdnung an hir Landschaft ze bréngen, fir dass mir besser Fotoën därfe maachen ? Ech menegen dass, wa keng Uerdnung do ass, dat och sou fotograféiert därf gin. Seng Foto kann ee schonn an trotzdem probéieren "op ze raumen".
3. Ouni schrecklich vill PS geet anscheinend neischt méi.
Mir gefällt deng Foto.
D'Mika wollt jo just soën dass et net einfach war hei eng Foto ze machen déi net just äusgesäit wéi matzen dran geknipst, mee matt bessen uerdnung, dat huet lo näicht matt de griechesche Bauren ze dinn
Dat stëmmt, ass wéinst der Entfernung, d'Loft war net immens propper do an vu dass dat uewen e gutt Stéck méi wäit wech ass wéi daat fiir mierkt een dat hei sou gutt.
E Polfilter ass keen Allheilmëttel géint alles wat iergendwéi kéint stéiren ... net propper Loft bleiwt net propper Loft, an déi ass och net polariséiert also kann net gefiltert ginn