Yep ... Rummen ass net sou menges, also verstéi mech lo net falsch, net dat ech se net gären hun, mee ech fannen nie di richteg ... hei géif ech mech op dem Nicéhore seng beschränken, mengen do kann ech näischt falsch maachen. Merci fir däin Comment.
CHEERS
MUZ
Merci Antoine, hun nach eng zweet, mee du hues Recht, di hei huet genee di Harmonie di sou eng Prise brauch fir e bessi aneschters ze sin wéi di aaner.
REGARDS
MUZ
Pimpampelen heeschen net nemmen bei aalen Fotoen Pimpampel, nee, se heeschen Pimpampel well et Pimpampelen sin ... du kanns se awer och Päiperlék nennen ... mee Schmetterling kanns de se net nennen, well dat ass däitsch, ne du. Dat ass genee esou mat schnell an séier oder awer och mat oft an dachs ... mee am Groussen Ganzen ass dat net dramatesch ... d'Haaptsaach et versteet een sech .. an ausserdem appréciéieren ech ongemeng dat ech hei nach esou vill Lëtzebuergesch liesen an schreiwen kann.
An merci dats de meng Fuarwenkombi hei pimp nenns .. dat éiert mech ausseruerdentlech. Mee wanns de lo awer mat pimp dat mengs wat verschidden Amerikaner mengen, da soen ech du wiers en Girlie Pufter en Giggling Knickerweter an a Big Girls Grouse ... mee ech huelen jo awer un dats du mengs di Fuarwen géifen rappen, wären dëcke Gas an nëmmen gudd.
CHEERS
MUZ