ah ja, Geschichten, die das Leben schrieb )
fannen dei Foto narwell richteg intressant,
vill ze kucken, dh. vill ze entdecken,
wou soll daat sin
wien soll daat sin
weini soll daat gewiecht sin
virun allem , wien as déen klengen a waat kritt hien vun déem Scheifer do erzielt ????
wëlls du et bas ((-:
Et war an de Bierger vu Katalonien , d'Biergbewunner sin do esou härzeg an dat as net fir d'Touristen gestallt, dat as esou.
Et war en einfachen Hirt, dén beim Klengen (mei Bouf) stoe bliwen as, well dén interesseiert gekuckt huet. Hin huet dem Jeff démols, virun ... 10 Joer (ech sot jo, et sin uraal Negativen) erzielt dat seng Gèes trotz den Haeren ganz léif as.
Owes soutze mer a sengem Duerf an hu do, an engem Gaart, den énzege Café ? (mengen et war esou guren privat ((- Haam a Kéis gies, an e gudde Rouden aus der Régioun gedronk.
D'Leit wollten eis dorno net mol eppes ofhuelen, well de Jeff mat hierem kèngen gleichaltrege Jong gespillt, a sech herrlech mat him verstanen huet. (trotz der Sproch ((.
Ech hun mer zwar elo net déi Froen gestallt wéi den Armand me ech fannen et einfach eng schéin Opnam vun engem Stéck Liewen. Do brauch en dann och net no engem Hoer an der Zopp ze sichen.
Dat mam "Hoer an der Zopp" wor elo net fir dech gemenzt. Ech hat allgemeng gemengt, datt en sou Fotoen genéissen muss, einfach well se dat duerstellen wat et ass. Do soll ken ufänken déi Foto technesch bis an den läschten Pixel ze analyséieren.