ech warden leiwer bis et doheem erem dei gut italienesch versioun mat polenta get !
mais an italien hun mer epes besseres wei kuddelfleck :
Sepia in humido, oder och à la veniziana !
gesait nach besser aus wei kuddelfleck, an schmacht och besser !
[url=http://nuke.alpontepesce.it/Portals/0/Piatti/piatto9g.jpg]Seppie a la veniziana[/URL] Quel : alpontepesce.it
et as meeeega ! et sin kleng tentefesch mat enger schwarzer zoos de iaus hierer tent gemach get , mat gudder polenta !
naischt fier t'a, mais saulecker !
eben änlech wei kuddelfleck, mais dofier panneiert dier àren jo ... fier dat et besser ausgesait !
awer net nëmmen paneiert
à la mode de Caën zB. as gaaaaanz aanescht.
iwwregens, där Tëntefësch incl. hierer Tëntenzoss hun ëch scho giess , zwar nët bei Italiener (hun där an der Famill)
mais an engem Resto an Beljikistan
also, dat Dikrech fir sei Kuddelfleck (niewt sengen Ieselen ) bekannt as , daat stëmmt, ob awer daat original Rezept och vun
do kënt, as mir nei (dei Veiner an dei Dikrecher stinn ëmmer e besselchen op - Kriegsfuss - ... )
Mir hun jo och bal deen naemlichten Alter: Veianen 700 Jahr, an Dikrich kritt der 2010: 750. Net wi Ettelbreck: just 100
2010 waert eng weider lass sin zu Dikrich, an et keint och mol sin dass et 1 Concours geif gin: wee mescht dee beste Kuddelfleck...
also, do gi jo nach -Lätt- (wei dei Dikrecher soën) gesicht, avis aux amateurs
hei den Artikel wei en an der Stadzeitong stoung:
D'Historiker kënne beleeën, dass d'Stad
Dikrich tëschent 1255 an 1266 hire Fräiheetsbréif
kritt huet: 1260 ass als
Gebuertsjar vun der Stad Dikrich festgehal
gin. Duerfir feiert d'Stad Dikrich
am Jar 2010 hire 750. Anniversaire.
Jiddereen, deen wëllt eng Hand upaken,
fir déi Gebuertsdagsfeier ze plangen, soll
sich am Service culturel vun der Stad
Dikrich mellen (paul.keltesch@diekirch.lu).
________________
do sin best. och - Kuddelfléck-Spezialisten gefroot
Hei da mol dat originalst (!) Rezept vun dër Zooss. Dë Rest kenns du jo. Dëst Rezept ass vum HOURT's Metty aus dëm "Hôtel Beau Sïte". An dee war do wou elo d'Gëméng ass.
"50 g Botter,
50 g Mehl,
400 cc Consommé,
100 cc Rivaner
100 cc rudde Wäin
fir eng brong Zooss ze maachen.
Peffer, Salz, Tomaten kleng geschnidden: kache loossen.
1 Cognac,
1 Madère
Champignons, Önnen, sauer Cornichonën a Kaaperen.
A wann néidig, nach ë bësse fécule".
Ech war dorëmmer kucken, bei d'Ketty THULL a bäi dën Pol TOUSCH (Le livre de la cuisine luxembourgeoise). Gidfereen huet ën aanert Rezept.
hei, grad op enger Seit bei der -Dresdner Bank.lu - gelies:
Die kosmopolitischen Kochtöfe:
Zu übertriebenem Patriotismus gibt die luxemburgische Gastronomie demnach keinen Anlaß.
Kein einziges einheimisches Gericht kann nämlich guten Gewissens als typisch und ausschließlich
luxemburgisch bezeichnet werden,wie Nachforschungen in diesem Bereich eindeutig ergeben haben.
____ Der häufig zitierte Kuddelfleck etwa, das offizielle Luxemburger Wörterbuch definiert ihn
als ein Luxemburger Nationalgericht aus gargekochten, panierten und in Fett oder Öl gebratenen Kutteln oder Rindermagen wird in diversen Varianten ebenfalls von Italienern, Engländern und Schotten geschätzt. In der Normandie kocht man die Kutteln mit Möhren und Zwiebeln inCidre,
die Einwohner der portugiesischen Stadt Porto schließlich wurden einst als Kuttelfresser gebrandmarkt, weil Heinrich der Seefahrer um 1415 alle Rinderschlachten ließ, um seine Matrosen mit Proviant_________
ech denken, dei sin dach nëmme jalous op eis Kichen
De kennen ech net,
mir ginn ëmmer op Réimech bei de Jong, den organiséiert och Reese fir a China, hier fiert selwer matt, an ass ëmmer bei der Grupp derbäi,