ass awer esou...fierwaat mecht en daat ?? muss een emmer alles futti machen ??
Eigentlech wollt ech emmer eng keier dohin, mais wann ech daat doten gesin...dann froen echmech fierwaat ??
@pan_or_ama: Mech och net méi. Wéi den Xaph feststellen konnt, den leschten Sonndeg, wou ech mol erem een klengen Tour dodurch gemeet hun, brengen ech mol keen Fotoapparat méi mat dohin. Dofir ass mir mein Sensor einfach zevill schued gin. Et get een ennerscheed eng Stroumzentral ze fotograféieren an e Koup Schrott ze fotograféieren. Virun e puer Joer hun ech do nach richteg sauber Gebeilechkeeten fotograféiert. Elo ass et just nach e Koup Schrott deen hoffentlech gleich sein Gnadenstouss kritt an oofgerappt get. Dann brauch een och net opzepassen dass sech een Kand dobannen un enger gebrauchter Spretz stecht oder sech sosswou verletzt. Ech hun léiwer Platzen déi hieren Alter nach mat Stolz droen an onberéiert sin vum dem Zerstéierungswahn deen do entsteht wann sou eng Platz zevill bekannt get. Sou huet d'CT och mol an der Zeit eng Kéier ausgesin, bis déi falsch Leit de Wee dohin font hun.
!Dës Foto ass net méi am System!
Hei ass keen Tag, keen Graffiti, keng futtis Fenster, an awer ass déi Zentral och schon zenter 2001 zou. D'CT ass jo zenter 1997 zou.
Wees nik op jeemols een eng Erklärung fir VANDALISMUS fannen wärt...
wann et sou rouech am Kapp as, as dGeraich fun eppes waat kraacht wann et futti geet wuel daat scheinst waat et get....
op sou Plaatzen muss een sin ier dSaachen futti gemaach gin, oder sech dei Plaatzen sichen wou et sou schweier as ranzekommen dass na naischt futti as...
Merci vir Aeren Interesse ... d'Discussion trëfft et op de Punkt..
War leschten Sonnden erem do, vir den Panorama frësch ze maachen, et gesait elo VILL méi schlëmm aus ewéi héi op der Foto, déi ass vum 22/11/09.
Och Ennenann ass mëttlerweil alles démontéiert an ofgeschnidden. Sujet'en vun virun 2 Méint sin einfach net méi do, de Site mecht een mëttlerweil traureg, an ech verstin elo eréischt richteg den Shantideva, deen d'Chance haat an do war, wéi nach alles "ganz" war. Waert och elo méi op d'Sich goen no méi "frëschen" Siten, wou een och net muss op Schratt an Tratt faerten, vun sougenannten "Eenzeller" emmerdéiert ze gin. Waert deen Zerstéirungswahn nie verstoen..
Haut ass d'CT leider nëmmen méi interessant wëll virun der Hausdier an vir d'Fotosmaterial léieren ze beherschen (Fësch, Panoramakapp, asw).
Merci CT, et huet trotzdeem vill Spaass gemaach, mee et ass elo wierklech besser dass se "faerdeg" ofgerappt gëtt ... schued dass d'CT net konnt mat als touristesch Attraktioun mat an de ganzen Belval-Site konnt mat agebaut gin ... elo ass et ze spéit ...