Hues leider recht, naja aus der Fotostesch geholl an geknipst, an wann et engem och donoh leed deet as et ze spéit. Ma och wann se am Fiergronn net esou scharf as gefällt se mer awer irgendwéi weil den Bleck dodurch op déi Lanter geleht get.
Hei häs te keinnten mei draus maachen, daat seet den Poly schon richteg! (Also mat der richteger Astellung)
Wanns te wells kanns te Foto nach liicht ausriichten, sie kippt no lenks. (den Giewel lenks vertikal setzen.)
Ech sin een Absoluten Fan vun der Provence mee irgendwei fehlen mir hei dei provenzalesch Gefiller wann ech Foto kucken...
Ech wees awer net weis te daat elo besser keinns ereechen ob déer heiten Foto.
Mee wei gesot, flott Foto mee do fehlt den Provence Feeling!
Déi heiten Foto as een gudd Beispill wéi een et netz soll machen. Et soll een sech bei all Opnahm d´Méih machen dat bescht eraus ze kréien. Wann een einfach drop hält dann krit een hei bei Photogen ganz berechtegt Kritiken déi een drop hinweisen, ma dann as et leider ze spéit.....ech sinn nächst Joer wahrscheinlech erem do an probéieren et dann besser ze machen.....merci fier dein Komment.