Un a fir séch ass dat ganz flott, déi Interpretatioun vu Yin a Yang, hei. An och net schlecht ëmgesaat. Mais méch stéiert ganz e bessen, datt ënnen am lénksen Eck d'Steng net an den Eck gin an datt di viischt Sträif Steng onscharf ass. Awer dat ass net wiirkléch relevant, mengen ech.
Roule, roule écume,
dentelle à l'horizon
et vague au fond.
Retourne et recommence.
Meule éternelle,
au rythme de la lune,
tu polis des pierres
pour en faire des dunes.
Roule, roule écume,
dentelle à l'horizon
et vague au fond.
Staark Maimonides,
et 'spiirt' een mat,
däin Don zur Poesie an déng Léift zur franséischer Sprooch ënnerstëtzen dem Grimmel séng Foto wonnerbar hei,
ech sin alt nees paff!
Grimmel, dat doten gefällt mir, a mam Maimonides sénger Interpretatioun nach besser!
Foto huet eppes, ech hät awer och wei den Nicon07 geschriwwen huet gekuckt daß et schein Hallef/Hallef wär, dat kanns de jo nach ëmmer dreihen an cropen.
Et geif een mengen Mier wär och e bessen ausgebrannt, Struktur fehlt e bessen.
Foto wär och interessant gin mat enger laanger Beliichtungszeit, kanns te dann bei der nächster Geléenheet probeieren