Op alle Fall sin ech mat dobäi. Ech war mer bei deser Foto net sou secher, well se awer zimmlech haart gin ass, an am Géigensaatz zur Stemmung vun der Persoun ass. Et ass iwwregens meng Mamm.
Am Fong sollt et e Spiggelbild vum Alteren sin an dass een och ouni Botox a Co kann zefridden sin
duebel Raw konvertéirung mat Smart Objects (2. Raw op Luminosity) an Black&White Layer op Hard Light. An nach e puer Retouchen. Sin am gaang Photoshop Secrets ze kucken
wéi een tutorial? Ween ass die Persoun? an waat der Daiwel ass eng Ezybox...war den Bletz op der Kamera oder op denger Rietser sait....Den Spektral am Ae ass wierklech gudd matt där Ezybox...Highlights sin present, stéieren hei awer net....an excellent nogeschäerft...
Matt all déne Faalen (soll net beleidegend sinn, wuelverstaan) hätt Ech mech köstlech matt Dodge&Burn amuséiert se Een nom Aaneren nach ze betounen...Dragan style...Daat wier eng perfekt Foto derfir
Eng Ezybox ass eng zesummenfaalbar Softbox vun Lastolite fir Systembletzer. An desem Fall songs d'Softbox(60x60 cm) riets op net grad 45grad vu mir weg. Lenks hun ech opgellt mat engrm Lastolite TriGrip mat Softgold Reflektor fir opzehellen.
Zur Persoun: Daat ass meng Mamm.
Tutorial ass en Tutorial vum Guru Calvin Weisches Lischt iwwer duebel Raw Conversioun.
Ech wollt net nach mat Dodge & Burn schaffen, meng Mamm fennt daat schons limite mat den Faalen.
Deng Portraien gefaalen mir am allgemengen.
Erausrzehiewen wären awer do Gilles a Carole. Déi sin mir schon méi laang opgefall.
Zu deser Foto zb muss ech soen dass ech och eemol esou eppes maachen wollt, wou een d'Falen betount, ouni dass et ellen wirkt.
Hun schon epuermol esou Fotoen gesinn, mee mengen mir fehlt daat richtegt Aan vir esou eppes gudd emzesetzen
Hei gett am Verglach zum "Beauty" éischter de Contraire ugewand. Waat méi waat besser