Hmm ... ët ass emol 2x dat selwecht Bild ... vespiegelt an der Perspektiv an an den Foarwen ... souguer d'Rummen ... déja-vue - inconnue ... den Titel zum Kommentar... lauter Geigensätz
dat kennt nach aus der analoge Zäit , du hues deng Negativer gekuckt, an hues se iergendwéi schon Positiv missen esou beuerteelen , ... et ass jo net aneschters gangen
dovir och den Titel " positiv denken"
Dann sinn se spigelverkéiert an op d'Kopp an de Vergréisser getässelt ginn,
d'Objektiv huet jo alles gedréint, ... jo alles Géigesätz wéis du schonns geschriwwen hues.
Jo ... dat kann ech mer virstellen ... sou ganz onbekannt sin mer negativer jo och nët just selwer rar analog mat enger SLR photographeiert ... do hues de bëstëmmt nach missen ellen vill Peschen an an daer Zait konn's de enger Photo (ausser KGB, CIA etc) nach glewen.
Ech fannen ët perseinlech schued dass ët haut greisstendeels ëm PS geht.
schued an och net, wann's de deemools en richtegen Barythprint am Grapp has, dat war schon eppes. Grootéin an eng Haptik déi senges Gléichen sicht.
Esouguer haut nach, kennen do och nëmmen richteg deier Printeren do mathalen .
De Virdeel haut ass dat een dat ganzt kombinéiere kann, PS mat aale Virdéeler an Printen déi sech weise lossen .... léider awer ewéi deemools, och haut nach net an iergentenger däi Euroklass.
effektiv, haut gëtt een (och ech, gëll !! ) gären verleet sech ze vill ëm dat ronderëm als ëm den Inhalt vum Bild selwer ze këmmeren, mer zielen Pixelen, huelen déi elektronesch Wasserwoo, stempelen hei an do e Pickel oder Knätsch ewech, an an an.
Dann erem beneiden ech Léit ewéi den Xaph, eisen Dr_kim , déi sech heiansdo mat hirem analogen Apparat op d'Motiv selwer konzentéieren an ouni pipapo gutt Biller déi virun allem nach Charakter hun , machen
Heinsdo geif ech dat och nach ganz flott fannen, mais zum Beispill Concertën keint ech mer domat net virstellen well einfach zevill Biller naischt gin an dann geif ech ee Vermeigen bezuelen fir d'Entweckelen.
Fir sou Characterphotoën wei dei vum Dr_Kim oder dem TomEwert allerdengs schon... oder Street fannen ech dat ganz interessant
genau esou, du kenns dat jo nach, häss de och nach e Vergréisserer am Platz en Scanner ..... mmm, och do muss de déi Negativ op d'Kopp a Séiteverkéiert aspanen.
Et hänkt vum Scanner of... Bei engem Nikon net awer villäicht bei engem Flachbrettscanner wéi d'Epson? Awer och do denken ech net dass dat néideg ass. Se liesen jo just an liichten net duerch eng Lëns.