Schéi schaarf, schéin den Damp agefaang an d'Beliichtung fannen ech och gutt gelongen!
Sou Low Key Opnamen fannen ech ganz interessant a wéilt mech och emol dru versichen. Dierf ech dech froen, wat s du do sou fir d'Beliichtung an den Hannergrond geholl hues? Ech si nach total nei an dem Beräich, hu scho vill gelies, mee kann mer et na net am Prakteschen virstellen...
Merci chrisykris,
ech benotzen keng Studiobletzer, mee "normal Aufsteckblitze" déi ech iwwert en bellegen Radio-Trigger (Yongnuo Flashtrigger CTR-301 op Ebay) ausléisen.
Fir dess Foto hun ech 3 Bletzer benotzt. Dovun 2 Stéck vun hannert dem Sujet lénks a riets an 1 Bletz vun vier riets uewen. Fir de Bletz vun vier hun ech e selweren Reflektor-Schirm benotzt.
Den Hannergrond war schwarz an ech hun bei der Nobearbeschtung eng Struktur drakopéiert.
Bei der Foto "DJ F. DAVE II" hun ech deen nämmlechte Setup benotzt a just de Bletz vun hannen lenks eweggeloss.
Hun dee Schied och bemierkt an dun awer fonnt dat en ausgesäit wéi wann et Schied vum Damp wier, wat ech ganz passend fonnt hun. Mol kucken wéi et ausgesäit, wann ech en eweg machen.
ech kennen leider deen genre vun schied (dass mir leider schons oft genuch passeirt resp. passeirt mir nach emmer ) , ech mengen den majoriteit vun den leit faellt en net weider op. ass just en klengen detail