Déi staark Magentasaturatioun hat mech den éischten Moment e bëssi gestéiert, awer elo, wou meng Ae sech drun gewinnt hunn fannen ech et flott. An... hei ass bestemmt eng Äntwert ze fannen... *ggg*.
Du hues recht iwert den Magenta Stach, hun probeiert daat ze aenneren awer , bon, wieste sés , eng Saach vun sech drun winnen... Hun aner Versiounen...
Daat énzescht sinn dei heisch Isoen... Bon ... daat ass dann eben de bessi grain dén drann ass.
Flott dein Google Trick... wei mescht én daat ?
Merci JC ...
Gaer geschitt... "Der Schalk sitzt mir im Ruecken", hunn ech mir geduecht wou ech dir den Link op Google gemeet hunn. Google fennt alles... oder bal...
Majo et gei een op den Site: www.lmgtfy.com do kanns du dat mat dem Google machen.
Merci Zora ... D'Stemmung vun daerer Plaatz ass en ganzen ensemble mé d'Stemmung an sech ass daat waat én selwer spiert wann én do ass... eng staennesch revolutioun am gudden an am schlechten.
Merci Charel, ...
Deiste do weist ass meng LieblingsFoto vun mir selwer ... wei wann ech se net gemét haett ... well soss geif ech dei net bei mir ophaengen
Kennen al Religiounen zu engem an énzeschen Gott feieren?
Mé lies mool de gudde Man hai... Sin domaden d'accord mé wei widderspriechen?
http://www.lmgtfy.com/?q=http://www.thoughts-about-god.com/questions/mh-religions-lead-to-god.html
Esou laang wéi "Reliounen" een "machtpoliteschen" Kontext hunn, sinn dat keng Reliounen. Reliounen mussen sech kënnen verdroën, a wann se dat och nët kënnen, sinn et keng. All Glaaw ass kulturell / sozial gefierwt: ouni dat wier et langweileg.
Wann een un dat Gutt gleewt, da misst et méiglech sinn un Eppes Transzendentes ze gleewen wat d'Mënschen zesummenhällt.
Fir mëch ass eng méglech Relioun strikt privat, moralesch interkulturell acceptéiert an opp fir grad esou éierlech Alternativen.
Dat heescht awer och: Relioun huet an enger Schoul iwerhaapt näischt verluer: l'état est laïque ou il n'est pas. (Sozial Konventiounen hunn guer näischt ze dinn mat reliéisen Iwwerzeegungen.) Reliounen kënnen net "statlech" sinn: dat ass eng "contradictio in terminis".
Ganz interessant Aentwert. Eigentlech kennt d'Wuert Religioun jo vun "Religio"... also wat eis verbennt... zu eiser Essenz. Leider sinn awer Religiounen zu Institutiounen ginn an se vermettlen just nach aalt Wessen. Eis Essenz ass awer sou fresch wei den aktuellen Moment. An am aktuellen Moment ass dei Essenz dei eis mat allem verbennt, an keng Dualiteit huet. Haut get meeschtens alles just nach konzeptualiseiert an missbraucht. Vun dohier kann ech dir just nemmen Recht ginn. Den Miau huet et awer och op den Punkt bruecht.
Machpoliteschen Kontext... Incontournable! Eben well ewei den Shanti aus der Definitioun vun Religio aerauszitt.. "Bannen"... Religioun bennt em én "Idealen" den 99.99% net goettlech, Ethesch, oder Essentiel ass, mé et bennt em eng Politesch Volonté de Pouvoir ou eischter em eng Volonté de Puissance (selon Nietzsche) vun verschidden Kolonisateur Peuplen...
Waat fir eng Religioun haat den Hitler? oder den Stalin... oder och nemmen den Sarkozy?...
Haut , erem ewei dir soot, ass d'essenz eppes Aktuelles! D'Essenz vun Gott ass haut d'Suen... D'Bourse,... net de Mënsch... Gott wou steiren mir hin? Esouguer ennert dem Kaligula huet daat net esou sektaeresch ausgesinn ...
Dem Miau säin Saddhu "God is same, book is different" huet scho Recht mat sengem richtegen a pittoreske Résumé. Awer nëmmen esou laang wéi dat "Buch" nët och nach ee Gesetzesbuch vun engem Staat ass.