Merci Eric, jo mat denen Rummen ass emmer sou eng Saach, gin der Recht si ass (gewollt) deck, hat iergendwann eng Kéier mat dem "stil" vun Rumm ugefaangen (Kinnt e Krack mi dënn sin zwar)
http://photogen.lu/index.php?page=view_photo&id=56802
Kritt een totalen Postkaartelook.
hmm jo also di 70mm koumen automatesch do stoen, war selwer verwonnert dass d'EXIF Dateien net verluer goungen.
(Lightroom, exportéiren, Photoshop, Photomerge etc..), hun och extra nogecheckt, déi donnéen stëmmen awer
(12 Fotoen, Porträt, uewen e bessi Himmel an ennen e Stéckchen Wasser weggecropt)
hmm ahjo, ech hun keng Vollformat, vläit ass et daat waat dech irritéiert. (Cropfaktor)
Ech mengen ech hat dat besse knapp formuléiert mat "70mm ?". Dat war eng indirekt Fro ob déis de mer awer richteg geäntwert hues: "12 Fotoen, Porträt, uewen e bessi Himmel an ennen e Stéckchen Wasser weggecropt"
Ech fannen Brennwäit bzw. aus wéivill Biller d'Panoramafoto zesumme gesaat ass, ass emmer interessant ze wessen fir ze gesin wat een muss maachen fir esou eppes drop ze kréien (wéi hei z.B. Manhattan).
Hues de keng Foto gemaach fir um Dock, sou dass den Dock net drop ass. Also net, dass e mech hei géing stéieren oder esou, just aus Interessen fir den Enerscheed ze gesin.
Wanns de mech frees, déi do muss un d'Mauer. Net als Postkaart mee éichter esou also 2m Poster!
Ech fannen Photo ganz schéin.. Rumm ass fir mech perséinlech net ze Deck, awer mir gefält den Schied rondrëm Photo net an Schrëft ass net ganz menges awer dat ass jo alles adg.
Merci Nebu, och wann et vläit adg ass interesséiert et mech awer
Waat stéiert dech um Schied genau, dass en ganz rendremmer ass, oder dass en iwwerhaapt do ass?
Grond wisou ech se gemeet haat war, fir dass se vum wäissen Hannergrond bessi oofhieft, also net sou "latt" wierkt.
Schied war mer net genuch, hun dunn nach een "outer glow" oder Border kA gemeet.
Schreft ass emmer schwéier, mier gefällt ni eng zu 100%
Wollt eppes mi modernes eppes daat ausgesäit wéi manhattan halt.