Hmmm Ed,
Ech sinn een groussen Frend vunn dengen Fotoen, awer wann ech eierlech sinn kann ech elou sou direkt guer naischt mat deser ufänken...
Fier mech 2 Waggoen mat enger Baatsch drop... PUNKT.
Awer egaal, mengen daat doo ass am Fond-De-Gras...
Villaicht hunn ech ganz einfach nemmen den message vunn der Foto net verstaan.
et kann e net ëmmer wannen ... jo ech selwer hunn hei och kee groussen Message derhannert fonnt.
Fir mech war et e Gedanken un de "Christo" den alles wat méi grouss ass ewéi en Auto, well apaken. Hei huet mer och d'Form, d'Faalen an d'Kontraster vun dem Ganzen gefall ... an dat war et mer Wäert e puer Milliampère aus dem Akku ze opferen )
Kuerz de groussen Message ... ass net do
merci Du )
Oder mier soen ett matt den Wierder vunn eisen Admin:
D'Motiv däerf net einfach "offotograféiert" sinn Méiglech Ursaachen oder Verbesserungsvirschléi:
Eng Foto déi een erop lued sollt kreativ gestalt sinn, wann een awer d'Motiv vun engem aner Fotograf ouni eegen weider nei Idee weist, dann geet dat leider net duer.
ok, ok, ech gi mech geschloen ... da weisen ech elo einfach eppes aneschters !!!!!!
ni méi kriss der vu mer esou eng flott, kreativ, gutt kadréiert, sch/w Foto .... déi all Grootéin op der ganzer Skala vun ënnen no uewen weist, ze gesinn ! %&="* %çç&()??``ç%&//((!!!? :P
ah jo bal vergiess .... kuck der och nach déi flott dezent immes Rumm un
esou ... lo halen ech op, sos ginn ech hei fir verréckt erklärt ;)