Wanns de gesoot häss, et wär op der Musel, hätt ech et och gegleewt
Déi faarwég fir mech, si bréngt eng immens flott Stëmmung eriwwer. Schéi mat der Spiggelung. Ech froe mech jhust, op's de de Cadrage nët anescht häss kënne ugoen: de Schlauch hannert dësem Spezialschëff bréngt eigentlech nët ganz vill, par contre wär viir e bësse méi Wach vläicht gutt. Ech weess natirlech nët wat do virdru war....
Villmools merci Jean-Jos.
D'Foto hun ech missten duerch den Maschendroht machen mat Blend 2,8 fir den Droht net drop ze kreien. An ech woar bergrenzt mat den Meiglechkeeten an mam Wenkel zum Objet.
Ganz flott Jacques, ech sinn nach d'làscht Woch do laanscht gefuer an mech gewonnert dass nach keen eng Foto vun dem Boot do gepost huet. Mir gefällt se ob allen Fall ganz gudd, déi Foarweg virun allem
Villmools Merci Schluck.
Ech wollt schon oft eng Foto dovun machen, mee dan woar d'Lucht net gudd oder d'Scheff woar net an der optimaler Positioun. Mee geschter woar et - perfekt
mir geet et wéi dem Jean-Jos,
eng flott Stëmmung an och d'Spiggelung gefällt
Fir mech och d'Faarfversioun, well dat gielt sou richteg rockt virun dem däischteren Hannergrond
Hei gouw schons alles gesoot. Fir mech eng flott Ambiance am Bild, déi awer besonnesch an der faarweger Versioun zur Geltung kënnt.
Gefällt mir ganz gutt Jacques.