Méng Fra sot elo grad, wéi ech hir déng Fotoe gewisen hun: Zu Remerschen ass et jo einfach, sou Fotoen ze maaachen, do ass jo ëmmer vill lass. Net wéi um Misär.
Ech sot näischt, well déi zwee Mol, wou ech zu Remersche war, war net vill lass. Op deem Weiher bei der Strooss an dem Monument waren nëmme Bläshinger an op deem grousse Weiher ware just Kormoranen, déi hier Plomme gedréchent hun. D'Reihere sutzen op deenen héichsten Äscht an de Beem an d'Haubentaucher sin op där aanerer Säit vum Weiher geschwommen....
Hehe .. gëschter den ganzen Moien just Grozopp ... an déi do ass déi eenzeg Serie "Fotoën" ... no 3 Stonnen d'Blässhinger zielen nët ... obwuel do hunn ech hat awer ee puer flotter gemach wëlls de der 100 ob 10m2 has
Gudd dass ech den Mupp ëmmer dobéi hunn dann ginn ech mol mat dem ee bëssen trëpelen
Däi Mupp schingt jo dann awer dir d'Vigel net ze vergraulen...
Wéi ech di läschte Kéier um NaturPur Wee vun der Misärsbréck bei d'Neimillen ënnerwee war, ass op dem Uwänner vis-à-vis ee mat séngem Hound do spadséiert an de Mupp, deen ass sou bäntzech op an of gelaaf, datt en rengléch alles opgescheucht a verjot hat, wat Flillécken hat. Ech sutz duerno nach bal eng Stonn an der Hütt bei der Neimillen ze warden, mais weder d'Sëlwerreeër, nach d'Inten an d'Gänse sin rëmkomm.
Nee, den ass ganz brav ... wéi den Mëschter halt Ech sinn ëmmer frou fir ën matzehuelen wëll dann gët d'Zäit net sou laang an ech bléiwwen och net ëmmer ob der selweschter Platz.
Baaahhh SAUGUDD !!!!!!!! (pardon vir d'Ausdrockweis ) Deen Hiecht do huet dach labber iwwer 50 cm, déi Réiher kréien och nie genuch.... Do blutt engem Ex-Féscher sein Herz...an der Zeit woor ech emmer frou wann sou eppes (am méi groussen) mool um Crop houng hehe. Sin beandrockt. Wéi seet een do : Zur richteger Zeit op der richteger Plaatz nee ? Just aus Virwetz : Ass et e Crop oder taille réelle ? An nach eng Fro : daat riets am schwaarzen Hannergrond (liecht riets iwwert dem Kapp vum Réier) geséit aus wéi Sensorfleck oder ass et am Bokeh...froen daat well et sou immens ronn ass ?
Merci Steve, woar keen Sensorfleck mais do hat ech eng fléien geloss ... ass weg. Jo ass ee crop awer nët vill .. géif soen 20-30 eweg, dat misst just duergoen fir nach an engem Concours matzemachen.
Aus der héi hät ech labber kënnen eng Serie machen .. hat ën schon am Viséir wéi ën den Hirscht gefangen huet an am Fong ass ën fortgeflunn wéi een Komoran ën wollt klauen kommen
D'Schärft op déi Distanz ass op alle Fall nach beandrockend an deen Kärel huet mool keen Grommelen méi am Bauch vir déi nächst Deeg just niewenbéi : Ech sin den Yves (ass aawer keen Problem, sin net beleidegt well Steve léit net sou wéit aus de Féiss )
Wow, Excellent, herlech dei heiten, lo gin Ech neidech op deng Reiherbiller, bei mir steht en emmer op 300 m ewech werend 7 Stonnen ouni sech ze bewegen, an Dir zauberen se dei beschten Scenen um Weier