Also, ech hun mech jo och oft do rem gedriwen an der en etlech vun der Syre hei gewisen, sou wéi's Du. Ech fannen des vun allen, Dengen a mengen, bis elo déi Schéinst.
D'Rumm ass vleit e bessen dück opgedroen mee daat ass a.d.g.
Ech sinn nach keen Rummen Fan do kann jiddereen maachen wei e well....Si kennen eng Foto verbesseren oder och betounen. Virun enger Zäit haten Fotoen jo och Rummen. An der Blimmchen hätt eng Rumm och bestëmmt gutt gedoen...Zu denger Foto...kucken déi lo schonn zeg mol an gesinn schéin Linnen am Waasser di sech lenks an ritz laangt deen Steen do schlängelen an ënnen an engem net iwwerstraaltem weis zesummen kommen an sech opléisen...di gréng Moss Téin sinn schéin natierlech. De Cadrage passt . Eng kleng Konstruktiv Kritik erlaben ech mir awer...uewen ritz géing ech di dënn schwaarz Platz nach ewech stempelen. Egal een Klick weider ass mir déi op allefall wäert theom!!
daat ass fir mech keng Rumm, mee een Bord
an effektiv sin verschidden Bordüren onbedéngt wertvoll fir engem Bild een gewëssenen Touch ze gin oder den Kontrast ervirzehiewen oder oder oder ...
Borduren oder Rumm ass dach eigentlech egal wéi een dat Nennt. Deen Effekt oder och di Perséinlech Nout di de Fotograf well vermëttelen ass dann fir dech eng Bordüren sinn an enger Foto schonn wichteg . Wéini wou an wéi vill een se dann asetz ass dann a.d.g. An deejéinegen den Fotoen kuck soll sech net drun stéieren si soll fir mech Foto ergänzen eng gewëssen Harmonie eng Koexistenz bilden....
E Grofilter hunn ech mir lo kierzlech geleescht, an der Vakanz gëtt en ausprobéiert, fannen dat esou schéin wann Waasser wei Watt ausgeseet. eng herrlech Foto.