Fier d'eischt huet se sech et op menger hand gemittleg gemaa, mee do war se mei seier focht wei ech reageieren konnt. Glecklegerweis haat se awer dun eng nei plaaz op engem klengen Aascht niervt mer fonnt.
Dann emol Wëllkommen hei um Site Autumn
Et ass eng Weiblech Skorpionmeck Gemeine Skorpionsfliege Foto ass just Info. An net schlecht gemengt. Et ass een vun mengen éischten Makroen lescht Joer an nach laang net gutt.
Schéin dass de deng Exifen hei agesat hues. Domadder kann (ech oder een aneren ). Een Komentar schreiwen. Brennwäit 100mm bei där Beliichtung's Zäit geet eigentlech ëmmer an't Box. Ech sinn mir elo net sécher. Mengen Brennwäit x2 aus der Hand dann wiers de op der sécherer Säit. Also eng 2 Honnertstel Sekonn. Gréisst 1850x1063 ass vill se grouss mat nennen 311 KB. Ech hoffen dass Méin Komentar der een bëssen heleft.
Kritik ass emmer gäer gesinn, nemme sou kann ech besser ginn
Mee ech verstinn deen Saatz do lo ned ganz, waat genau mengs de mat: "Mengen Brennwäit x2 aus der Hand dann wiers de op der sécherer Säit." Oder ass daat een Schreiwfehler? (Beliichtungszait x2?)
Bei 100mm Brennwäit gëtt 1/50 Sekonn net doru, dann ass Foto gären verwackelt.
100x2= minimum 1/200 Sekonn astellen oder een Stativ. An och mam Stativ wier se schonn verwackelt duerch Spigelausléisung. Deen muss een mat der Spigelvirausléisung eropklappen en bëssen waarden an dann Foto maachen. Awer mat enger Fernbedienung um Stativ. Ech maachen meng Makroen mat engem 150mm wier dann minimum eng 1/300 Sekonn aus der Hand. An dofir nëmmen Mam Stativ.
A ok, lo hun ech et verstaan, ass gutt ze wessen, Merci
Ech wuer skeptesch waat stativ betrefft, war mer ned secher op se nach geif do setzen dofir haat ech frai hand gemaa.