Bei der éischter gefält mer den Ps-Lensflare net, ass ze offensichtlech. Bei der zweeter ass den Reflekter ze hell geweecht, 3 ass cool wanns de nach en bëssen un der Beliichtung spills sou dat d'Gesiicht méi propper raus kënnt, 4 géif ech riets en bëssen wech schneiden, do ass vill eidel... probéier mol 16:9. Déi 5t ass ze flaach an der Beliichtung (keng Kontraster dran) mee dat läit net un dier, do war d'Liicht einfach zimlech langweileg.
Am Allgemengen géif ech der roden méi mat Beliichtung an Faarwen ze spillen. Deng Fotoen sinn lo all zimlech neutral. Se kéinten bëssen méi Pepp verdroen.
merci Bob fir deng Analys.
Als "Rooky" an der Art-photo sin ech fir all Kritik frou.
Mam Pepp hues du recht; ech zecken einfach ze fill op ze dréien.
Fir mëch sin 1 an 3 die bäscht (vun 185)
Freen mesch ob den nächsten WS.