Ups!!!!
Den Huflattich ( http://www.barfers.de/huflattich.html ) hunn ech iwwert Grenz an engem Franséischen Bësch fonnt, an sengem Natierlechen Ëmfält. An mengem Naturschutzgebitt bléit leider nach nix. Di richteg Platzen ze fannen, an der Natur ass net esou einfach! Am Mondorfer Park do wuessen bestëmmt och schonn Krokussen. Mir ass et awer wichteg se op enger Wiss an der Natur ze fannen, an ze Fotograféieren. Fir mech sinn Fotoen ënnert deenen Konditiounen einfach méi wäertvoll. Am Gaart, do vermessen ech einfach dat Glécksgefill wat net vergläichbar ass wann een eng Foto an engem Natierlechen Ëmfält gemaach huet.
Ech soen der awer en decken Merci fir däin Komentar Jeanny! War mir schonn bewosst dass Foto hei net richteg verstanen geet! Net du awer di mëschten Leit
Natierlech ginn ech och eraus an Natur meng Insektebiller maachen, mä de Moment wou di éischt Fréijoersblummen an de Gäert bléien, kommen Insekte lo dohinner
Ech weess dat jo Jaenny du bass jo méi ënnerwee ewéi ech! Wann se Fréijoersblummen an de Gäert an Parken net hätten géingen se net iwwerliewen well an menger Géigend wiisst nach net vill.
mir gefällt se ganz gudd, an dain HG fannen ech richteg super
wann ech dann lo Huflattich hannenaus bei der Bach hun, wou ech net agreifen an alles wuessen loossen waat kent, och tonnen Brennesselen, get daat dann eng Naturopnahm, well deen ass jo net all Joer do op där selwerchter Plaaz, wann en iwerhaapt remkënt