Merci Marc, Namibia ass wierklech e Paradäis.
Jo di lescht Foto ass aus enger Cessna 210. Ech hat e Rondfluch vu Swakopmund bis Sossusvlei an zréck gemaach.
Di ganz Wüst ass wierklech nach méi beandrockend aus der Loft, an d'Faarwen waren super well et am spéiden Nomëtteg bis Sonnenënnergang war.
aha...hu mer dat mat der Cessna direkt geduercht
Respekt fir däi Courage hat nämlech di selwecht Idee...
trotzt den villen Turbulenzen war et wirklech derwaert, an et ass genau wéi'ste sees, di fantastech Faarwen kommen erréicht am spéiden Nomëtteg, resp., direkt nom Sonnenopgang zu staanen.
Bass de dem Norden ontrei ginn?
Do hues du immens flott Biller aus enger extra-terrestrescher Landschaft matbruecht.
Di éischt gefält mir besonnesch gutt, déi Beem wierke wéi vum Dalí gemolt, ganz surrealistesch
Einfach draamhaft.Schued dass de net uginn hues mat waat et geknipst gin ass wéi Brennwéit,Blend, Iso aswEch sin am Mai do an hun mer Gedanken gemacht waat een soll mathuelen.
BG TT