Kommentar vum Fotograf:
Bon. Ech war déi lescht Deeg ënnerwee fir daat neit Tamron 150-600mm ze testen. Ech kruut net vill virun d'Lens, dovir hun ech halt déi Nilgäns zu Réiser am Bësch oofgeliicht.
Si mer nach net secher, ob mer déi Lens gefaale soll. Den Tracking ob AI-Servo schengt en OK-Androck ze maachen, verleiert sech zwar heinsto. Den IS (VC) huet 3 Modi, woubäi den Modus 2 fir Mattschwänker ob 600mm elo net déi bommen Resultater geliwwert huet. Mee ech denken eischter, dass ech mech un déi Brennwäit muss gewinnen.
Waat IQ ugeht, hoffen ech an den nächsten Deeg a Wochen nach e puer interessant Motiver ze fannen. Ënnert de richtegen Konditioun huet d'Tamron ob alle Fall mol e flotte Bokkeh produzeiert. Ween déi Lens am Bleck huet, sech awer net secher ass, ka mech gären froen.