Merci fir de Feedback, mee do ass guer keen kënstléche Blurring am PS dragesat ginn, ass mat oppener Blend 2.8 fotograféiert ginn. Et gesäit een et eventuell besser hei: https://bennyschiltz.myportfolio.com/dogs
Yep, op der Internetsäit kennt se irgendwéi besser riwer, vleicht och just well se do méi grouss ass. Du häss se hei evtl. och kennen e bëssen méi grouss rop lueden, wann een drop klickt gesäit een dass nach Raum no uewen ass. 684 an der Héicht ass e bëssen "denn". Ech lueden meng normalerweis mat 900 an der Héicht rop.
Ech haat daat mat der offener Blend schon gesin, eng Grimmel manner hätt et och gedoen mengen ech. Aanersäits gesin ech natierlech an dass et net einfach ass fir déi richteg Blend ze fannen wann e Mupp sou op Dech zougerannt kennt.
Ech perséinlech fannen trotzdem d'Ecken liicht ze däischter, do hätt ech opgehellt, mee wéi emmer: a.d.G.
Ajo, d'Waaserzeechen fannen ech och e bessen onglècklech placéiert, mee do mecht jidfereen natierlech wéi en wëllt.
flott Onschärft! ass net emmer sou einfach mat souvill flou een Sujet anzefenken den ech beweegt - ass gudd gelongen!
Ma joh, mir well dei stark Vignette och net sou richteg gefaalen, ass wuel affaire de goût.