Norbotten County, Sweden. 10 Deeg am spéiden September mam Rucksaak zwescht Nikkaluokta an Abisko ennerwee - et ass Hiescht am Fjäll an d'Wieder ass graff. Dofir beschten Ausbleck mat impressionanten Landschaften!
Beandrockend, op englesch ausgedreckt: Breathtaking!
Mat Blend 18 misst eigentlech méi "Beugungsunschärfe" an der Foto sin, mee op den éischten Blèck gesin ech keng. Vleit hues de se e bessen gecropped oder Deng Kamera ass an där Hinsicht "güteg"
Et ass eng eenzel Foto am 16:9 gecropped. Allerdings den Objektiv ass een kompletten Desaster, verzerrt enorm, ass fuerchtbar onscharf um Bord an den IS huet och net richteg funktionneiert......ma fir dMoyens de Bord mengen ech ass hei maximum rausgeholl...
Freet mech dass se der gefällt!
..d'Lucht am Bild esou wéi och d'Stemmung si grandios, déi gëllen Hierschtfaarwen suergen fir ee flotten Kontrast zu de schnéibedeckte Bierger am Hannergrond, an den diagonalen Hiwwel am Virgrond ass ee weideren Surplus hei am Bild..!!
war een flotten Moment wou dWolekken bessi gereckelt sinn an et beemool eppes ze kucken gouff
Den Wee ass den Hang eroof bei den Floss gaangen an dunn weider no hannen "an den Panorama ran", immens flott!
Freet mech dass d'Stemmung riwwer kent!