DDR am Museum ... Haaten sie all Onrecht ? Ass ais Welt besser ? ... waat ass haut eng Alternativ zum Sovranismus, zum Neonazismus, zum Idenditarismus?:..
Et huet dach och am Westen an de 60er, 70er Joeren hei net aanescht ausgesin, dat weess du jo awer och... An d'Welt ass weder gudd nach schlecht, absolut gesin.
Dofir fannen ech déng Foto awer gudd, Sober, akurat an eloquent! Si erzielt engem eng Geschicht, wann een se op séch awierke léisst.
Absolut gesin ... Jo, et gëtt net besseres, et gëtt et c'est tout.
Mee...
Jo et wor ganz Aenlech bei äis och.... Ech hin net d'vopotelefong eropgelueden express fir eben drun ze erënneren dass den Ënnerscheed net onbedéngt extern ass. En Auto ass en Auto op mosmowitsch oder polski Fiat oder och Fiat tout simple...
Mee wat ass Kommunismus? Wat ass haut den Kommunismus?
Du stells schwéier Froen... An ob een déi hei nach op PG an enger Diskussioun vun e puer honnert Kommentarer beäntwerte ka, wéi fréier, wéi PG nach "besser" (war et wirklech sou?) war...
Ech stellen eng aaner Fro: Gouf et, oder, gëtt et iwwerhaapt Kommunismus?
Nee natierlech net... Mee et gëtt eng idée dovunner déi awer nëmmen utopesch klengt well mir net de Sënn vum.Commun verluer hun! Den Individualismus gestäerkt vum Identitarismus...
Jo ewéi fréier... Eng Kollektiv Diskussioun ëm e Bild... Mee haut ass jo wichteg wat dann schonn à part den Apparaître
Ech wees net ob's de deen Film "In Time" gesin hues, do huet all Mensch eng Zäit um Aarm déi ofleeft, an wei soll et aanescht sin, déi Aarm hun ganz wéineg Zäit, an déi Reich ganz vill
Uhh, a schon mat "détecteur de gaz um Plafong..???
Nee, elo am Eescht, eng Wunneng vun deemools, opgeraumt, blénkege Foussbuedem, ouni Liewen, ...am däitschen "spiesseg", ...hei ganz gutt duergestallt a gewisen.
Gefällt.