Fir mech eng vun den impressionnansten Fotoen aus denger läschter Serie iwer den Tram. D'Arbeedsgebäi an den Tram eng wonnerbar Symbiose trotz oder wéinst 100 Joer Ennerscheed an engem schéine Liiccht festgehaal mat knackegen Growäerter a Kontrasten. S&W wor hei de beschte choix fir en historeschen Archivage fir op manst di next 100 Joer.
Jo, an ech war och frou, datt d'Nomëttessonn sou propper dora geschingt huet a grad dee Moment keen Autuo do koum, well een d'Luucht geréckt hat. (Nee, ech war dat net, sou wäit gin ech dann awer net...; ech vertrauen da scho léiwer op de Fotografiegott... )
Di schwarzwäiss hei ass einfach zäitlos. Di farweg wierkt méi modern. Wann ech neess een upload fräi hun, da weisen ech se. Ech wollt express keng Serie roplueden.