..hat dëse Gesell geschter Moien wuel éischter net an där bronger Britt vun der Haupeschbaach.
D'Qualitéit ass net immens, et ass ee liichte Crop, an ech hat leider just meng kompakt Täscheknips dobäi.
Mäi Gott, wat wëlls de hun... ëmmer grad da, wann een den décken Tele brauch, huet een den Ultrawäitwénkel bei séch. Du bass net deen eenzechen, deem dat passéiert. Kuck méng Foto vun de Waassermärelen... Do hat ech och just den 24-70mm drop, mais da muss een op de crop-Facteur vertrauen. Bei 48 mpx as dat méi einfach...
Di Foto ass awer net schlecht!
A gleef mir, deen huet schon eppes fonnt fir z'iessen...
Zesumme mat menger Madamm een Trëρρeltour duerch de Mëllerdall ënnerholl, ouni Fotogeschier, an et ass e bësse Schued, hei wär mir vläicht e flotten Déiereportrait gelongen, vu dat dee Borscht net schei war a mir hien op eng relativ kuerz Distanz vu e puer Meter passéiert hun ouni dat hien fortgeflunn ass. Wie wees, mat e bëssi Chance begéinen ech him jo vläicht nach eng Kéier wann ech nees eemol op Fototour do ënnerwee sinn.
Fannen et cool, dat d'Foto dir trotzdeem eenegermoossen gefällt