Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Pünktléch fir d'Nuecht

Pünktléch fir d'Nuecht
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    09.10.2021
  • Gekuckt:
    15668
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    6
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1500x1169
  • Späicherplaz:
    766 KB
  • Originaldatum:
    08.10.2021
  • Fotoapparat:
    Pentax 6X7
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=91611]
Kommentar vum Fotograf:
vun de Musées, eng analog Vue vum Casino Forum d'Art Contemporain, freides Moies géint halwer eelef.

Ilford Ortho Plus 80°
Ilfosol 3
gemu 09.10.2021 - 22:39
Scho gefillten 100.000 x laanschgefuer/gangen, an ëmmer nëmmen d'gliese Veranda gesin oder gekuckt, deng Opnaam leet awer mol den Accent op d'Mauerwierk vum Gebäi waat mir ni esou zu Geltung komm ass. Merci Nico fir d'Weisen. Analog ass hei natierlech e must.
Nicon07 10.10.2021 - 08:10
De CFACL ass arcitektonesch gesin, ee ganz interessant Gebai, ee vun de läschten Zeie vun der « Belle Epoque » an der Stad, an ech denken, et ass net vun Ongeféier, datt se do ee Musée draus gemaach hun. Et muss ee sou Gebaier net schéi fannen, awer ech denken, et kann een och net alles blann dem Fortschrëtt an der « Croissance » afferen. Di Veranda huet wirklch d Potential, de Bléck unzezéien, awer et duerf een den Ensemble net aus den Aae verléieren. An dee gesäit een nëmme, wann een hannen op de Parvis bei d Balustrad geet. Elo si jo och di onsägléch Info-Containeren net mi do. An da muss een op Zack sin, datt keen Auto oder Bus kënnt. Kuck mol gutt, do ass rechts schon de Spigel. Am Fong wollt ech just de « moment décisif » mat alleng deem eelere Mann, dee op der Foto lénks geet, wi deen do war, wou lo deen aanere mat der Tuut geet. Mais bon. Et ass jo nach sou just rausgaangen.
gemu 10.10.2021 - 11:10
Ofgesin vun der Architektur, den eelere Mann wier P.A. pur, den aaneren mécht Bild als Zäitzeien vum Plastikzäitalter interessant, ech fäerten wann een an e puer Joer mat enger Plastiktut duerch d'Stad geet (iwriens di eenzeg déi een net direkt geklaut krit), get een um éischte Wandrad e puer Meter mi wäit opgehang closed_eye
Nicon07 10.10.2021 - 12:32
Eben, do gin ech di an alle Punkte Recht. Dee mat der Tuut als Zäitzeien, datt et am Joer 2021 zu LuxVille och Leit ouni feste Wunnsetz gett.

A well ech eigentléch eng P.A. Like Foto maache wollt, koum deen elere Mann mat den Hänn um Réck zu paass, mais leider och zevill Autoen a Busser. Mais dee Problem hat de P.A. Zu séngem Deeg och schon.
Jean-Jos 10.10.2021 - 22:54
Elo hun ech déi zwar gëscht verpasst, mee däi Bild ass och haut nach ëmmer e Genoss. Iwwrégensgefällt mir hei, datt fir emol 'dem Objektiv séng Naupen' nët korrigéiert goufen.
Nicon07 11.10.2021 - 11:48
Merci och fir dëse Kommentar, Jean-Paul.

Jo dat mat deem Korrigéiere vun den Naupe vum Objektiv ass alt sou eppes. Hei wier et net méigléch gewiescht, sou wäit hannezech ze goen, ouni datt ech an de Péitrussdall gefall wier, fir genuch Sputt ze hu fir ee "Redressement". An bei 100% analog gin ech am léifsten net dru, fir d'lignes fuyantes ze riichten. Et ass jo schon net méi authentesch, wann ech den Nagativ scannen.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 578 Gäscht online