Dat hei ass alles aneschters ewéi de de Klischee vun engem langweilege Sonnenënnergang.
Eng gutt Bildkompositioun mat intressantem Virgrond plus flotte Reflexiounen, an d'Alignement vun de Steng, liicht diagolal rënnen dat schéint Bild hei of.
Dat ass den Ënnerscheed vum Film a vum Capteur: Ech si jo ganz zefridde mat ménge "giele" Fotoapparater, awer fir sou ee Sonnenënnergang hinzekréie, muss ech ëmmer immens vill am LR oder PS schaffen.
Soss bleift mir just ee copy paste vum Marc séngem Kommentar.
Daat ass ëmmer e Gepiddels esou en digitale Sonnenënnergang, mécht eigentlech net richteg Spaass, Freed get séier gebrach wann ee muss e puer Beliichtungsreihe machen, mam Film ass daat manner opwänneg, klack-klack (bei der Hassi respektif zt-zt bei der Rolli) eng Foto an eng Sécherheetsopnaam an d'Këscht a gut ass oder dann eben net, viru mam Jabel. Merci Nico fir dein Kommentar a besonnesch och fir de fav
Flotten an ongewinnte Bildopbau, wëll nëmmen een Drëttel Himmel dran ass, awer hei huet dat sech immens ugebueden mat all dene Wellebriecher a Strukturen am Sand, déi wéi de 'marker' scho fäin präziséiert huet, flott a géigesätzléech Diagonalen an d'Bild bréngen. Richteg gutt.