Glaskloer Vue iwwert ee séisssauert Verspriechen. Da so eis elo nach a wéi eng Richtung di dote Foto gemaach ass. Ech schätze mol no Westen, mais op a Richtung Minette oder awer méi Zentrum resp Norden, dat erkennen ech elo hei um kleneg Schierm vum Tablett net.
Mäi Feeler war deen, datt ech komplett weggefiltert hat, datt d'Musel jo Meanderen huet an datt ee vu Stadbriedemes aus iwwert d'Wéngerten no Norden op Éine kucke kann ouni datt een dofir muss och de Floss gesin.