Ech maan de rezising fir op PG mat Irfanview e Gratisprogramm, do kriss du en schéi Schäerft fir den Upload an oft esou guer too much, et ass e Versuch wäerd, leider leeft de Programm net mat apple, ech benotze durfir als appleuser ëmmer en aale Windowscomputer fir en upload op PG
Fir meng Biller ze schärfen notzen ech meeschtens den Héichpassfilter am Photoshop, waat an der Regel och exzellent klappt.
De Site ass net schold dat d'Bild hei net richteg schaarf ass, de Fehler hun ech selwer gemach, vu dat ech d'Bild mat engem i-Pad exportéiert hun ouni Qualitéit unzepassen.
Schnellegkeet ass meeschtens net déi bescht Optioun , déi nächste Kéier machen ech dat besser
Ech sin ebenfalls Mac-User, awer meng Madamm notzt ee Windows Notebook, do kucken ech mir dat dann emol bei Geleeënheet un. Merci beaucoup Georges fir den intressanten Tip!!
dei Szene ass jo bombastech awer fier mein Deel ass d'Photo awer e bessi ze vill Vignettéiert. Den Fiels riets ass ze déischter, et huet een den Androck, dass d'Sonn hannert dem Waasserfall gif stoen
Merci Tom fir däi positive Feedback an deng éierlech Meenung.
D'Vignette hun ech bewosst driwwer geluecht fir de Bléck nach méi op déi d'Liichtzenerie ze leeden. De gtaddei1, dee sech an dem Beräich top auskënnt an déi meescht vu senge Biller extrem vignettéiert huet huet emol gemengt ech misst vill méi mat Vignetten schaffen.
''kuck emol eng Kéier a senger Galerie''
Bon et ass wéi mat Villem, a besonnesch mat 'Flow' vu Waasser, ..eng affaire de goût eben.
Och de Fiels hun ech absichtlech méi donkel gelooss, op mengem 24Zoll Mac gesinn ech nach praktesch all Detail (dee donkelste Punkt weist ëmmerhin nach Dichten vu R:13 / G:14 / B: 7 op)
Daat dooten as jo eng ganz speziell Liichtstëmmung gewiirscht ech fannen esou epper ëmmer imens flott. Awer wéi den Tormi schon erwähnt huet kéint den Fiels rechts am Bild en bessen méi hell sinn dass en do en bessen méi Struktur gesäit.
Tjo, waat soll ech soen, du bas jo och genug an de Bierger ënnerwee an du kënns dat jo, dee ganzen Daag iwwer Sonn mat fadem Himmel a néirens Struktur, an dann Owes gëtt d'Liicht intressant.
Wat den donkle Fiels ugeet, kuck do d'Äntwert beim Tom.
Merci Mike fir däin Avis zum Bild.