Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Foodografy

 
All Fotoen an dëser Serie:
48279 Thumbnail
48280 Thumbnail
48281 Thumbnail
Foodografy
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    23.10.2023
  • Gekuckt:
    2619
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    4
  • Originaldatum:
    23.10.2023
  • Fotoapparat:
    Nikon Z 7
  • Objektiv:
    Z24-70mm f:4
Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobannen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=92832]
Kommentar vum Fotograf:
Wann d'Wieder sou sch... ass, datt een séch nit mam Fotoapparat eraus traut, da mécht een alt dobannen e puer Biller! Ech hun haut de Mie bei am Gaart mol d'Patate douce an Topinamburen erausgeholl an och nach e puer däischter Muerten. Do ass mir d'Iddi komm, ee "roude" Plat ze kachen an deen ze knipsen. Ok, sou vill roud ass dann awer nit op der Foto, mais dat huet domadder ze din, datt bei der Patate just d'Schuel roud ass, bei der Muert di roud farf bei Wäschen zum Deel ofgeet an d'Topinambour just réi a mat Schuel roud Plazen hun. Di roud Ënne sin och just bausse roud. Dofir hun ech da Riso nero gekacht an d'Coquilles Saint-Jacques mat Piment d'Espelette a Cognac "roud" agefierft. Da sin nach brong Chanpignons drop a roud Mangoldstaangen. Leider si mir d'Punkte mat den zwou Zoosen (Jus de cuisson vun de Coquilles a Kachwaasser vum Räis) zerlaaf, well den Teller eng kleng Pente no bannen huet.
Den Dessert ass, entgéint wat ee kéint mengen, alkoholfräi. Dee "Likör" ënnert der Galettes ass ganz banal Molbiersaaft mat Hieländerbléiesirup. Uewendrop ass eng selwer gemaachen Äerdbiesglace.
Paul-H 24.10.2023 - 00:27
Bei allem Respekt Nico, du schreiws méi iwer Zoubereedung wei iwer den Making Of vun der Foto. Fir Dessertkreatiounen gett et aaner Saiten wei photogen. closed_eye
Nicon07 24.10.2023 - 14:10
Wat soll ech da vill iwwert de Making of vun der Foto schreiwen? Do ass näischt Extraes. Ech hun den Teller dohinnergestallt a geknipst. Ok, Paul, ech weess, sou mécht ee keng Fotoe vun Iessen. Do muss een ee ganze Procedere respektéieren. Mais mol éierléch: muss dat wierkléch sou ee Geméch sin? Si dofir d'Foodfotoe sou vill besser? Besonnesch, wou hei echt Iessen ass, wat ech duerno och giess hun. Wat bei der Wow-Foodfotografie jo nach laang nit ëmmer de Fall ass. closed_eye

Mais lo sin ech trotzdem perplex iwwert déng läscht Remarque: Wisou soll dann Dessertfotografie näischt op PG verluer hun? (onofhängech vun der minalbeler Quali vu ménger Foto, wanns du déi uspréchs. Do kann ech dir nit Onrecht gin.) Ass dat keng Kategorie, déi op PG eppes verluer hätt? (fir et mol kloer ze stellen, dat hei ass léif gemengt an a kenger Hisiicht ee reproche)
Paul-H 24.10.2023 - 15:43
Ech hun mech falsch ausgedreckt: Ech wollt soen fir eng Beschreiwung vun enger Desertkreatioun gett et aaner Säiten. Deng Foto geheiert schon heihinner.
Nicon07 24.10.2023 - 18:03
Ok, dat ass lo kloer an dann ass déng Remarque korrekt. smile


(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 442 Gäscht online