An dat nit nëmmen an der Stad. En Donneschdeg de Moie soutz een Heeschtert zu Réiden an der Entrée vum Supermarché, eppes, wat ech bis dohinner am wëlle Westen sou nach nit gesin hun.
Nee, et geséit düster aus, geschter Owend nees, vum Palais bis op d'Plëss, 5 Persounen gesinn dei geheescht hun. Et koum allerdengs nach mei deck, well mech dun op emol een direkt mat mengem Numm ugeschwaat huet. Ech hun den Kärel net direkt erkannt. Et huet sech erausgestallt, dass mier virun enger reih Joren zesummen geschafft an och gefeiert hun. Hien huet mier seng Geschicht erzielt ... waat soll ech soen ... op jiddfer Fall haat hien geschter Owend mol eppes waarmes giess ...
Dat weess ech och, mais ech wollt just soen, datt d'Aaarmut séch nit nëmme méi just an de "Ballungsgebidder" Stad, Minette an Ettelbréck siichtbar mécht. An domadder sin ech ganz op dénger Linn, wat déi (laang Zäit zu Lëtzebuerg onvirstellbar) Situatioun ugeet.