Dat do huës du jo bestëmmt express esou inszenéiert, dann hätt ech an dénger Plaaz nach e beess méi Suergfalt an dat Ganzt bruëcht. z.B dee Fleck enne lénks do stéiert. Denn hätt ekënnen evitéieren, doduerch, datt een séch een aaneren Hannergrond gesicht hätt. oder wolls du weisen, datt déng Batterie uërg strapazéiert get? ;o)) [si leie jo do op der Batterie, oder?] An et hätt een nach e besse mi Kontrast mat an d'Spill brénegn, mais dat as elo affaire de goût. Fir de Rescht gefällt mer deng Iddi ganz gudd, an esou, wi d'Bengelen do leien, as och ganz flott arrangéiert. Wa lo nach eng Tromm derbäi stéing, da kéint ee soën, du häss ee Spréchwuert illustréiert. Dat war ee Scherz!!!