Wei den Titel et scho seet, et war dei stärekloer nuecht den 12. august 2012 (Stäreschnaizennuecht). Et gesait een d'Mellechstrooss, resp den Cassiopaia
Fir méch ass et di 3. Foto, an och Nummer 4 a 5.
Ganz schéin!
D'Iddi, fir de Stäerenhimmel nët mat engem Teleskop ze kucken, mee mam Fisheye, ass superoriginell.
Schéi Fotoen, och wann ech dem orlok widdersprieche muss dass dat originell ass, well wann een sou op Foto-Sàiten ënnerwee ass gesäit ee se relativ vill, mee wéineg dovu si wierklech richteg gutt Mir gefällt déi éischt am beschten! Schéin emgesat.
gudd unsätz mee feelt awer nach! beim cadrage hues de dir awer keng gedanken gemach! firwat hellt een eng hochspannungsleitung op eng landschaftsfoto?????
Also éischtens géif ech dat hei niemols als Landschaftsfoto definéieren Zweetens (ech weess net op dat dem Fotograf seng Absicht war!) fannen ech et net onpassend dass een d'Leitung gesäit, ganz am Géigendeel: et erstellt eng Verbindung tëscht den wäiten Distanzen am Weltall an dem mënschleche Liewen op der Äerd. Mee wéi gesot, ech weess net ob dat seng Absicht war
Also fier eierlech ze sin, war et sou geduet, fier eischtens e rapport ze hun vun de greissten, zweetens hun ech et interessant fonnt dass en genee an d'richtung vun der mellechstrooss weiderfeiert. (de mast).
et steiert mech vun dohier zimmlech weineg.