Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Tout un miroir

Tout un miroir
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    25.11.2021
  • Gekuckt:
    16739
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    6
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1500x1165
  • Späicherplaz:
    607 KB
  • Originaldatum:
    24.11.2021
  • Fotoapparat:
    Pentax 6X7
  • Programm:
    Manuell
  • Objektiv:
    Takumar 1:4,5 75mm
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Nei Bauwierker  
Extras:
Cinestill XX 200-400
Kodak D-76 stock

Fir anzesetzen: [pg_img=91713]
Kommentar vum Fotograf:
Ech war méch alt neess eng Kéier mat der Pentax 67 op de Kierchbierg austoben (wann een dat mat 10 méigléche Fotoe maache kann). Ech hat natirléch keen normale Film dran, soss wier ech jo net ech.

Déi Kéier hun ech mat engem Cinestill Double-X variable speed motion Film experimentéiert. Awer eigentléch hun ech neess eppes färdeg bruecht, wat dem Factsheet eigentléch guer net goe kann. Ech hun de Film op 400 ISO beliicht awer e just 4 Minutten 30 am D-76 Stock entwéckelt, wéi wann ech en op 100 ISO beliicht hätt. Komescherweis ass en awer net ënnerentwéckelt, mais d'Resultat gefällt mir ganz gutt sou. Ech hun eenzeg an alleng am Photoshop "autocontrast" gemaach, an do huet ee quasi keen Effekt gesin. Eenzeche Problem ass de Support: trotz Weting Agent kritt een en net gutt ofgezunn an et sin zu engem Deel Drëpsen agedréchent. :-( En plus kritt een e schlecht an de Scanner geluecht, well en séch oprullt, wéi ee Groussen.
gtaddei1 26.11.2021 - 07:59
Herrlech performance%u2026 vill drop awer et mert net dronken
wuff 26.11.2021 - 15:27
Super flott Foto, schéinen Kontrast
marker 26.11.2021 - 16:19
Intressant Foto mat richteg gudde Gotéin an en plus e flotten Equiliber vu Luucht a Schiet.
Gutt gemach..!
Jean-Jos 26.11.2021 - 22:49
Ech sin ëmmer erëm begeeschtert vun der Panoplie vu Kamera'en, iwwer déi's du verfügs. Awer hei sin ech richteg begeechtert vum Gesamtbild, vun den harmonësche Liicht/Schiet/Growärter. Immens!
gemu 27.11.2021 - 17:49
Wonnerbar gelongen däin Experiment, interesssant Bildgestaltung
Nicon07 27.11.2021 - 21:27
Fir et einfach ze maachen: ech soen iech alleguerten een décke Merci fir är léif Komentaren.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 329 Gäscht online