Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Gespruddels

 
Gespruddels
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    23.06.2022
  • Gekuckt:
    16369
  • Favoriten:
    4 (Wen?)
  • Kommentarer:
    13
  • Beliichtungszäit:
    2 sec
  • Blend:
    f 11
  • Brennwäit:
    70 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1400x1135
  • Späicherplaz:
    1032 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Waasserausbléck  
Extras:
Stativ
ND 0,3

Fir anzesetzen: [pg_img=92100]
Kommentar vum Fotograf:
..op der Vugelsmillen
Nicon07 23.06.2022 - 16:56
Mega! Ënne riets am Eck, déi Transparenz! Wéi gliddeg Lava! Alleng deen Ausschnëtt do ass kuckeswärt!
marker 24.06.2022 - 22:49
Deng Interpretatioun mam Verglach mat gliddeger Lava trëfft et nawell ganz gutt, ech hun dat bis dato emol net esou gesinn.
Merci Nico, mech freet et dat d'Bild dech usprécht.
tormi 23.06.2022 - 17:29
Ganz flott. Mat den wiederhuelenden hell-donkel Kontraster an den verschiddenen Strukturen eng ganz erfreschend Foto.
Et kritt een och net ausgemaacht wou's du do suutz, iergendwou ennert der Ärd, oder hannert engem Fiels ... ?
marker 24.06.2022 - 23:09
Jo, gutt erkannt, d'Opnahm ass mat engem liichten Télé hannert enger Fielsformatioun aus gemach gin, a vis-à-vis war eng Wand aus Sandsteen déi mat Mascht duerchsaat war. Leider ass vun dëser intressanter Plaz nom leschten Héichwaasser net méi vill iwwreg bliwwen unhappy
Merci tormi fir deng Appreciatioun.
tormi 25.06.2022 - 10:49
Et bleiwt neicht wei et ass, daat wossten d'Réimer schon ... an meng Stuff kann do seit leschtem Juli och matschwetzen unhappy mä bon, no enger Deift geet et nees Bierg op smile
rosch-m 24.06.2022 - 12:23
En herrlecht Luchtenspill
marker 24.06.2022 - 23:11
Merci rosch-m, mech freet et dat d'Bild dech usprécht.
gemu 25.06.2022 - 11:40
Di fantastesch Grotéin gi mir ëmmer e Rätsel op wéis du daat esou schéin hikriss. Dem Nico säi Verglach mat der gilddeger Lava pass wéi d'Fauscht op d'Ae
marker 18.07.2022 - 13:34
D'Saach mat de Grotéin as kee Secret, ech hu leedeglech PS a machen do praktesch alles am Camera Raw nom digitalen Zonensystem, méi brauch ech net.
Merci Georges fir däi Kommentar an Appreciatioun.
theom 27.06.2022 - 11:14
Wéi ëmmer , een Meschterwierk Marc.
marker 18.07.2022 - 13:35
Mach awer elo emol lues mat Meeschterwierk....!!
Merci Rob.
suraki 13.07.2022 - 10:05
Mega, en den hei net drop klickt ass selwer schold ... de Rescht ass alles hei gesot.
marker 18.07.2022 - 13:38
Och däi Kommentar huet mech op dëser Platz richteg gefreet, an dofir Merci gesot.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 336 Gäscht online