Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
Tutorials »» Foto bearbechtung »» Fotorumm
 
Fotorumm
Seou dann lueden ech och mol een Tutorial rop.
Thema: Wei man ech ganz einfach eng Rumm.

Hoffen kann villen Leit domadder bessi helpen.
Bon "leider" ass mein Photoshop op Deitsch grrr. Egal denken misst awer eenz gin och wann Äeren op Englesch oder seou ass.

Virdeischt lueden mer mol eng Foto an eisen Photoshop.



Seou Et gin eigendlech 2 Maneieren lo virzegohen. Ech wert hei awer nemmen 1 erkläeren.
Zu der 2ter gin ech herno awer een klengen Kommentar.

Virdeischt maacht der lo mol man mer aus eiser "Background" Ebene mol eng normal Ebene.
(P.s. Ebene = Layer :-) )



Dest ass eigendlech ganz einfach einfach 2x op Schlass klicken an dann op OK.

Dono gin mer an den Menu -> BILD an dann ARBEITSFLÄCHE oder einfach ALT+CTRL+C



Dann gesidd der desen Menü:



Gidd mol dei selwecht Werter an wei ech hei.
Kästchen "Relativ" unklicken falls daat nach net geschidd ass.
Dono natierlech op OK klicken.

Dono macht Der na een neien Layer an fellt deen mat weisser Faarf.
An OPGEPASST: Een muss ennert dem Layer sinn vun Äerem eigendlechen Bild.
Seou wei hei:


Resultat geseiht dann seou aus:



Seouweit seou gudd. Kuckt daat der Ierch rem um Layer mam eigendlechen Bild befannt.

Dono rem an den Menu wei virdrun:


Deskeier mat desen Anstellungen:


Resultat geseiht dann wei folgt aus:


Seou an lo macht der rem wei virdrun. Een neien Layer, an dann ennert all dei ahner Layeren setzen an dann mat schwarz fellen.



Seou daat war et schon.
Resultat misst dann seou ausgesinn.



Probeiert et einfach mol aus.


Lo na kuerz zu der 2ter Methode. Et gedd och eng Meiglechkeet fir direkt mat der gespaarter Hannergrond Ebene ze schaffen. Mee ech man emmer automatesch aus enger Hannergrondebene eng normal draus.

Hoffen konnt Ierch bessi weiderhellefen.
Geschriwwen vum apu 24.04.2008, ass säit deem 25442x gekuckt ginn.
Johny 24.04.2008 - 23:03
Merci, lo kann ech mäin Tutorial fir eng Rumm ze maachen endlech läschen closed_eye
apu 24.04.2008 - 23:04
Wei dann daat. Hoffen awer daat mein verständlech ass smile
Johny 24.04.2008 - 23:12
Jo ass en, ech haat just mäin geschriwwen wou ech selwer nach de PS guer net sou gutt kannt hun, an dës Method ass kloër besser wéi meng déi ech do beschriwwen haat smile
Jean-Jos 01.05.2008 - 19:37
tip-top, ech hun dat lo grad probéiert a si gutt eens gi mat dénger Beschreiwung!
merci apu,
apu 02.05.2008 - 00:50
Service. Freet mech wann ech hellefen konnt smile
Knipser 02.05.2008 - 16:48
Och merci vun menger Säit, ech hat do eng Methode zesummengebastelt déi wesentlech méi Komplizéert war, des geht tip-top.
gloda 07.05.2008 - 18:09
Den Nodeel bei der heiter Manéier as dass d'Säitenverhältnis verluer geet. Dat as domm well wann een dann en Ofzug dovun maachen wëll dann get d'Rumm onrgelméisseg. Am Summer schreiwen ech dann en klengen Tutorial mat der Mathé déi een maachen muss fir deen hei Tutorial ze ergänzen.
apu 07.05.2008 - 19:23
Jo stemmt. Doweint halen ech Fotoen och emmer am originalen vir seou Saachen.
Mee hues schon recht.
Maja dann sinn ech gespannt smile
Johny 09.05.2008 - 18:36
Also vu dass sou eng Rumm wéi hei, eigentlech RICHTEG Rumm wou e Bild drann ass, soll ersetzen, gesinn ech dodra kee Problem, well ech hun nach nie eng Foto geprint matt souenger Rumm, ech maache se just nom Print an richteg Rummen.
Ricky 14.05.2008 - 18:38
Merci ech wärt et probéieren.
Kiichiii 17.05.2008 - 15:01
Ech hun en problem... owen woust du 10 anges... hänken ech... ech hun cm do stoen... also photo... an net pixel :S wie soll ech dann do wiederfuhren :S kanns mech io an den msn äddn an mir et do erklären wannst de wells :S
Kiichiii 17.05.2008 - 23:39
Ok merci lo hun ech et verstann sou en klengen problem tongue hehe also vir all dei leit wou hänken pobiert den relativ auscooloder besser kukt no ob dir denn ungeklickt hued
sommerspross10 29.05.2008 - 20:15
hey super tutorial (:
sin bis elo nie eenz gin wei een eng rumm op dei art an weis mecht, an fannen sou gett d resultat besser. merci fia den tutorial!
apu 29.05.2008 - 20:53
Ma freet mech daat ech der weiderhellefen konnt
smile
MagicMax 13.07.2008 - 09:39
Merci Merci Joe bigsmile


Elo sin ech nees mei Schlau !!!!!!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 298 Gäscht online