Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
Tutorials »» Allgemeng Tipps »» Wéi maachen ech eng «perfekt» Blëtzfoto ?
 
Wéi maachen ech eng «perfekt» Blëtzfoto ?
Vu datt «perfekt» zimlech schwéier ass an dësem Domaine,
ass ët och schons schéin, wann een eng
passabel Blëtzfoto erreecht (wou een e Blëtz kann drop erkennen).
Duefir brauch een un technëschen Accessoiren:
- e Fotoapparat, deen liicht iwwert dem Niveau
«Knipps-Apparat» läit an ët z.B. zouléisst, eng länger
Beliichtungszäit ze maachen, also ongeféiert 30 Sekonnen
als Minimum (Manner geet och, awer d'Chancen de Blëtz z'erwëschen
ginn da méi kleng), wann een en Handy huet deen dat kann,
geet natiirlech och,
- onbedingt en Dräibeen oder aaner Méiglechkeet den Apparat
(Handy) esou ze fixéieren, datt do awer guer näischt ka wibbelen!
- evtl. en elektrëschen/elektronëschen/infrarout Fernausléiser
(wann der en eeleren Apparat hut wier dat den Drot-Ausléiser,
awer dann ee mat Feststell-Schrauw soss muss een déi ganz Zäit do stoen
an dropdrëcken...),
- bei Spigelreflex soll een hannen den Okular ofdecken, datt kéng
Parasite-Luucht era kënnt (et gin do z.B. regelrecht Deckelen, och
kéint een en einfach zoupechen...?!),
- e gro-Filter fir d'Luut-Quantitéit erofzesetzen (evtl. e Pol-Filter,
wat awer diskutabel ass, well et vläit ongewollten Effet'ë produzéiert...?!)
- d'Sonneblend ass och nët schlecht a wann ët nëmmen ass géint Reendrëpsen.

Astellungen um Fotoapparat sollten:
- déi niddregsten DIN/ASA-Astellung sin, déi den Apparat erlaabt,
- den Objektiv op onendlëch astellen an den Autofokus ausschalten,
- déi klengste Blend,
- Pose «B» oder «T» fir Laangzäitbeliichtungen astellen oder en gläich-
wäertege Programmodus bei Viragestallte Motiver (wéi z.B. «Nachtaufnahme»)

Allgemengen Tip:
- ni duerch eng Fënster fotograféieren, sondern wa méiglech dobaussen
fir onerwënschten Reflexer vum Glas ze vermeiden,
- bei extrem laangen Beliichtungszäiten kritt een och nach Problemer mat
Faarwverzerrungen, déi een nët méi esou gutt lass gët (Schwarzschild-Effekt).

Wann een all dës Konditiounen erfëllt huet, da riicht een den Apparat ongeféier
an déi Richtung, wou ët soll Blëtzen a knipst lass...
P.S.: Eng Kontroll-Foto betr. de Bildausschnëtt fir ze gesin ob onerwënschte
Saachen am Bild sin ass och nët schlecht, fir spéider Fluchen ze vermeiden.

An dann zu gudder läscht: «Bonne Chasse/Chance» !
Geschriwwen vum Kilroy1313 21.11.2009, ass säit deem 23501x gekuckt ginn.
OK-Photography 22.11.2009 - 11:48
joap mat dene dooten Tips kiint daat schons ganz uerdentlech gin! smile

derbaifügen kiint een evntl nach (well ma jo dMeiglechkeeten hun!) -> wann een mam Photoshop schafft kann een probeiren een EINFACHEN "HDR" draus ze maachen, heescht et kukt een mindestens ENG Foto ze hun wou dLandschaft/Duerf/Baam richtech beliicht as - duerno kann een dei neemlch benotzen fir op der Bletzfoto dBeliichtung ze korrigeiren an et vermeid een dass grouss Partien fun der Foto schwarz sin (bei denger Beispillsfoto zbsp ennen riets den Eck)

op dem selwechten Prinzip baseiren iwregends och Fotoen op denen eng onmeiglech Zuel un glaichzaitechen Bletzer ze gesin as! closed_eye
Kilroy1313 22.11.2009 - 18:00
Dat do ass och ganz intressant an eng Iwwerleeung wäert. Wann ech dat richteg verstin setzt dës Technik awer viraus datt een z.B. vun der nemlechter Plaz aus 1 Foto mat méi oppener Blend soll maachen, an dann eréischt d'Blëtzfoto. - An der Theorie zimlech einfach, mä an der Praxis eng aaner Geschicht. Deen owend do war ech ferm gestresst, ët waren zwar onheemlech vill Blëtzer do, mä mäin Sony R-1 ass ganz lues am ofspäicheren, dou war ech scho riiseg frou esou eng Foto reusséiert ze hun. - Mä den Tipp do wäert ech mer awer verhaalen fir eng nächste Kéier ! closed_eye
OK-Photography 22.11.2009 - 19:14
joh...(wann och nik onbedingt oppen Blend - do verleiersde FILL Schärft - just eben ENG wou dLandschaft gudd drop beliicht as / zBsp grad mat der Helef fun engem Bletzclosed_eye )

wü dassde joh souwisou mam Stativ schaffs, an daat ganzt dann am beschten get wann een KONTEXT drop ze gesin as (Duerf/Baam etc) mecht et sech kuasi anengems closed_eye
waldmeister 22.11.2009 - 18:41
Flott dësen Tutorial, Du brengs et op de Punkt.
kruemelatease 23.11.2009 - 18:20
Hu mech och well domadder beschäftegt, Blëtzer anzefänken... an ass definitiv net einfach!!! Hunn et och /- sou gemaach wéi am Tutorial, mä wéi schons gesoot "Bonne Chasse/Chance" muss een hunn !!!!!!

Gudden Tuto!
Kilroy1313 24.11.2009 - 22:54
Merci fir d'Kommentairen ! smile
Tomz 27.11.2009 - 18:36
Flotten Tutorial smile dann muss et awer och mol eng keier Bletzen amplatz nemmen reen cool
Kilroy1313 29.11.2009 - 14:15
Thx ! Ech perséinlech sin och frou, wann et net bletzt. Da fäerten ech nämlech emmer fir mäi Computer (elektromagnetesch Schockwell duerch en Aschlag an nächster Emgéigend !!). closed_eye
Tomz 29.11.2009 - 16:41
stemmt daat ass eng sach dei wier net seu gutt cool
gloda 28.11.2009 - 23:06
Ech verstinn net virwats de wëlls en Grofilter an déi klengste Blend gebrauchen?
Kilroy1313 29.11.2009 - 14:20
Erkläerung: Well een e Bletz nemme ganz sielen mat enger normaler Beliichtungszäit erwescht - deen ass nämlech ganz kuerz (ech sin net secher, mä ± 25.000 bis 1/100.000 Sekonn !), duerfir mecht een also eng Laangzäitbeliichtung, fir méi secher ze sin en z'erweschen. De Gro-Filter hun ech nach ni agesaat (hu keen), mä deen erlaabt et also nach méi laang ze beliichten a mat däer klenger Blend setzt een d'Liicht-Quantitéit erof (niewebäi get d'Foto och nach méi schaarf). De Pol-Filter ass discutabel, well deen d'Luucht eigentlech verstäerkt doduerch, datt hien d'Liichtstralen bündelt a Streeung ennerdreckt. - P.S.: Feler sin hei méiglech, ech si weder Physiker nach Dr.Dr.Dipl. Ing. an deene Saachen. bigsmile
gloda 29.11.2009 - 15:33
Ech hat bis elo keng Problemer bei f8. Also weder déi klengste Blend nach en ND Filter.
Kilroy1313 30.11.2009 - 09:05
Mäin Tutorial soll jo och nëmmen eng Uregung sin, a kéng Virschrëft. Wann ech eng normal Nuetsopnam vu Gebäier etc. wëll maachen kéint f8 och emol a Betruecht kommen, mä bei Beliichtungszäiten vun iwwert enger Minutt, fir datt mer den Himmel nët ausbrennt, géing ech och weiderhinn eng maximal kleng Blend virschloen.
Johny 01.12.2009 - 14:09
De Problem ass, wanns de méi wäit geess wéi f8 hues de Qualitéitsverloscht, an dat wëll een wa méiglech vermeiden smile
Kilroy1313 01.12.2009 - 14:16
Gutt ze wëssen! Elo maachen ech schons laang Foto'ën, méng Approche war nach ëmmer déi, datt ech mech nëmmen wollt op mäi Sujet konzentréieren an dat technëscht schons ëmmer e bëssen négligéiert hun (wéi's de am Forum gesin hues, betr. Filter um Objektiv!). Ech wëll och do ménger Linn trei bleiwen an esou weider fueren, - wat awer nët heescht datt ech nët och emol nach kéint eppes neies bäiléieren...! closed_eye
yoshi 09.12.2009 - 23:19
Du kanns awer ouni Problem iwwert f8 erausgoen, ech géif awer dei klengst Blend vermeiden, wanns de zb als klengst Blend f32 hues, dann maximal f22 benotzen well dono d'Qualitéit dann sichtbar mei schlecht gett. Dat selwecht gelt iwregens och an dei aner Richtung: wann dei Gréisst Blend f5.6 ass, dann ass d'Qualitéit e wéineg besser bei f8. Tescht f8 an f22 an desem fall hues de awer praktech keng Qualitéitsennerscheder.

PS: awer e gudden Tutorial smile Mengen et ginn vill Leit dei sech dofir interesséieren.
Kilroy1313 09.12.2009 - 23:48
Merci fir Déng Motivatioun !
Hat gëschter erëm Nuetsopname gemeet Schéi Feierdeeg ... !
mä déi mat méi grousser Blend hu mech nët begeeschtert, do verbrutzelt engem jo alles bei sou ëm 30".
Shogun 31.12.2009 - 12:52
Just eng kleng Remarke: am digitalen (an ech huelen un dei meescht hei fotografeieren digital) get ett kee Schwarzschildeffekt. Daat as e Phenomen den just op Film-Emulsiounen optriede kann closed_eye
Kilroy1313 02.01.2010 - 21:03
Thanx, dat ass gutt ze wëssen ! smile
Masterpii 27.01.2010 - 17:50
Salut, deng Tips sin gudd! Machen et och emmer sou ähnlech mee, ech benotzen nach een Kabelauslöser, do kann een nämlech selwer bestemmen wei laang een wel beliichten! An et kann een och mol mei laang wei 30s beliichten!! Lueden demnächst mol eng rop!!
Kilroy1313 02.02.2010 - 22:18
Aus Prinzip versichen ech méng Laangzäitbeliichtungen ëmmer mat engem Kabelauslöser ze maachen, - ech hun awer meeschtens vergiess, dat bei d'Foto'ën ze schreiwen. Bei dësem Apparat vu Sony ass ët en RM-DR1, en uregt Déngen, dee wann ech mech nët ieren schons fir hir Mavica benotzt gin war.
Bei ménger neier Nikon D5000 hun ech en ML-L3 Infrarout-Fernausléiser.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 410 Gäscht online