Usersäit an Ännerung vun de Favoriten
(12.03.2006 - 02:00)
An zwar gouf et dës Méiglechkeet eigentlech bei de Favoriten. Wann een eng Foto a séng Favorite gesaat huet dann konnt een duerno gesin wann do en neie Kommentar geschriwen gin ass. Vu dass d'Favoriten schlussendlech awer haaptsächlech dofir gebräucht gi sin, hun mer et einfach embenannt an "Iwerwaachung". Do kritt een dann elo och direkt uewen emmer gewisen weivill Fotoen en neie Kommentar hun déi dodran gespäichert sin. Eng richteg Favorite funktioun dei dann och wirklech nemmen fier dei Fotoen geduecht ass dei ee selwer schéin fënnt, maachen ech nach, mee dann aanescht opgebaut wei dei aal Favoriten, dei lo Iwerwaachung heeschen.
Vun elo un kann een och eng richteg Usersäit gesin vun jidferengem wann een op säin Nick klickt an nët nemmen den drëchenen Profil. Dëst soll bessen als flott Présentatioun gëllen. Wann een op http://johny.photogen.lu geet kënnt een dann automatesch op déi Säit. (daat geet fir all User)
Och kann elo all User Kommentaren kreien vun aaneren op der Usersäit.
An dann huet een elo 'Astellungen' am Usermenu wou een verschidde Saachen astelle kann dei net wirklech zum Profil gehéieren. Hei kann een och eng Lieblingsfoto vum ganze Site wielen dei dann herno op der Usersäit gewise gët. Hei kann een och en eegene Kommentar derzou schreiwen wisou een déi Foto sou flott fënnt.

Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen
elmuzo
12.03.2006 - 02:08
Ouaaaiiiis. Dat ass gudd. De Rescht muss ech dann nach kucken. Alles paletti. Weider esou.
coolpix
12.03.2006 - 11:34
Yeah, endlech dei Ännerung Favoriten -> Iwwerwaachung . Usersäit gesäit cool aus.
Super Arbecht
Super Arbecht
Johny
12.03.2006 - 12:03
Da sin ech frou wann et ierch gefällt
//EDIT: Ech fannen et cool wei verschiddener sech dei Texter dei dra stin selwer zurecht réckelen mat den Donnéen . Sou wéi den Mogway an lo grad nach gesin de Lex
//EDIT: Ech fannen et cool wei verschiddener sech dei Texter dei dra stin selwer zurecht réckelen mat den Donnéen . Sou wéi den Mogway an lo grad nach gesin de Lex
Maggele
12.03.2006 - 13:51
super geschafft hues de do!!!
wann elo de link op 't usergallerie nach e bessi méi an 't Aae spréngt , da sin ech däi gréisste fan
wann elo de link op 't usergallerie nach e bessi méi an 't Aae spréngt , da sin ech däi gréisste fan
yoshi
12.03.2006 - 14:03
Jau ganz flott mam Profil, kann een sech richteg amséieren
//Edit: Wanns de op Iwerwaachung drécks steet nach emmer do: Wiel lénks w.e.g. een Ordner äus fier déng Favoriten ze kucken
//Edit: Wanns de op Iwerwaachung drécks steet nach emmer do: Wiel lénks w.e.g. een Ordner äus fier déng Favoriten ze kucken
Mojoo
12.03.2006 - 14:25
Firwaat gett eng Foto am Profil dann erreicht ugewisen wann se mei wei 3 Bewertungen huet? Oder wei muss ech dat verschtoen "Nach keng Foto eropgelueden oder méi wéi 3 mol bewärt gin". Ech hun z.B ereicht 1 Foto eropgelueden, mee waer awer frouh, an et waer och flott, wann dei an mengem Profil direkt ugewisen giff gin, ouni d'User Galerie unklicken ze mussen. Oder ass dei Plaatz am Profil nemmen fir "Top Fotoen" geduercht?
Ech hun och nach eng Froo zu den Wallpaperen. Firwaat kann een deenen keen Kommentar an/oder Vote oofgin?
Ech hun och nach eng Froo zu den Wallpaperen. Firwaat kann een deenen keen Kommentar an/oder Vote oofgin?
yoshi
12.03.2006 - 16:36
Ech fannen daat effektiv och verbesserungswürdeg. Su Leit wéi den Mogway hun zB agestallt bei all Foto, dass keng Bewertung kann ofgin gin. Do misst dann awer eppes an d'Userprofil kommen.
Maggele
12.03.2006 - 14:44
nach eng sach: et wier fläit och intressent ang art "guestbook" an de profil anzebauen. ech mengen elo ass 't profil schon e gudd stéck méi perséinlech gin, an da giff dat fläit an 't landschaft passen....
Mojoo
12.03.2006 - 14:56
Et kann een jo Kommentarer schreiwen, dat kennt jo ampfong ob sou eng Art Guestbook eraus.
(Mengen mol dass den Johny dat sou wollt
(Mengen mol dass den Johny dat sou wollt
Maggele
12.03.2006 - 15:09
ok! huelen alles zréck!
dat ass mer ni opgefall, obwuel ech et scho gesin hun!
mäer schreift keen
:-P
dat ass mer ni opgefall, obwuel ech et scho gesin hun!
mäer schreift keen
:-P
Johny
12.03.2006 - 17:50
Puh vill Äntwerten ze gin
Maggele: Ech fannen en opfällech genuch
yoshi: daat wärt ech dann na verbesseren mat de 'Favoriten'
Mojoo: Ech hun de Metten o nach dru geduet anzebauen wann een keng Foto huet dei mei wei 3 mol bewärt gi sin, dass dann trotzdem aanerer ugewise gin an da keng Limite vun 3 Bewärtungen gesaat ass, maan ech also haut nach!
Dei Saach mam Guestbook wir jo da geklärt

12.03.2006 - 18:17
Merci
Ech hun elo nach gemaach dass wann een op iwerwaachung geet direkt all Foto gewise kritt dei en neie Kommentar huet. Sou bräuch een nët an dei verschidden Ordner sichen ze goen an huet trotzdem eng Iwersiicht.

olimi
12.03.2006 - 18:19
Hmmm... ech wees net... mech nerft dei iwerwaachung eischter... well ech perseinleh hun se nemmen wengs der foto selwer, an mech interesseiert deenen aaneren hier meenung net grouss (wann et lo net meng perseinlech foto ass)
D'foto gefält mer, maan se and favories, an mei well ech net... kann een daat net ausschaltendateen do net emmer eng roud zuel gesait?
D'foto gefält mer, maan se and favories, an mei well ech net... kann een daat net ausschaltendateen do net emmer eng roud zuel gesait?
Johny
12.03.2006 - 18:26
Sou elo gin och bei denen dei Bewärtungen äusschalten oder keng Foto hun dei 3 mol bewärt gin ass, trotzdem Fotoen ugewisen.
@olimi: ech soe just: Lies alles! (d'News selwer ...)
@olimi: ech soe just: Lies alles! (d'News selwer ...)
amBesch
13.03.2006 - 12:59
Excellent!!! Och wann dat eigentlech scho schwéier war, de Site gët ëmmer besser. Déi Ännerungen déi's du (Johny) a leschter Zäit agbaut hues gin dem Ganzen nach den Tëpelchen op den i. Super Aarbescht!!!