Resultater BGL Contest & Vernissage
(05.03.2014 - 22:58)
Hei présentéieren mir iech déi éischt 3 Plazen vum BGL Contest:
1. de Georges Forster mat "Passage" (Gewënn: GoPro Hero 3 Black Edition)
2. de Laurent Weber mat "MX Bulli" (Gewënn: Manfrotto Stativ plus Kapp)
3. de Claude Jung mat "Lotus" (Gewënn: Joby Gorillapod Focus inkl Ballhead-X)
Gratulatioun fir déi gutt Aarbecht, a Merci u jiddereen dee matgemaach huet, et si wierklech e puer ganz flott an interessant Fotoen derbäi.
An domat invitéieren mer och jiddereen op de Vernissage den 13. Mäerz Agence Europe BGL BNP Paribas um Kierchbierg, wou eng Selektioun vun deene 50 beschte Fotoen ze gesinn ass. Fir Drénken ass Iessen ass och gesuergt :)
Detailer: Vernissage vum Photo Contest mat BGL

Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen
OK-Photography
05.03.2014 - 23:10
saucool!!! GRATULEIREN!!
sen gespaant op dFotoen dei sech hannert denen Titelen verstoppen!
sen gespaant op dFotoen dei sech hannert denen Titelen verstoppen!
tomsmith
20.03.2014 - 10:13
hu gesin, an wat geschitt mat den prints wann se dei nemmi brauchen adopteiren ech den rint vu mengem bild gären .. . ween muss een do froen?
Johny
20.03.2014 - 10:43
Et gi keng Prints, an der Agence Europe sti lauter Ecran'en op deenen d'Fotoe gewise ginn
Richie
07.03.2014 - 14:09
Ech gratuléieren dann och emol. Leider kann ech net op de Vernissage goen. Da muss ech mech gedëllegen.
sloopy
14.03.2014 - 12:54
Ech konnt leider gester net op den vernissage kommen weini kennt den listing dann online?
Johny
31.03.2014 - 16:18
Jop, déi 3 éischt Plazen, Finalisten, an "Selektioun Vernissage" bilden all d'Fotoen déi gewise gi sinn respektiv och lo nach ze gesi sinn an der Agence
Johny
31.03.2014 - 22:06
Et war jo jiddereen agelueden. A mer wollten och net schonn direkt alles komplett verrode virum Vernissage.
JamieLeo
01.04.2014 - 14:02
Et wier awer gudd ze wëssen, als Finalist, dass dat betraffend Bild ausgestallt gin ass.
JamieLeo
01.04.2014 - 18:52
Wann ech gewosst hätt dass meint ausgestallt gin ass, hätt ech dafir gesuergt dass ech de Vernissage awer hätt kenne kucken kommen...
Johny
03.04.2014 - 13:06
ok verstinn. also géifs de virschloen nächste Kéier d'Leit direkt ze kontaktéieren fir dat wëssen ze loossen, soudass och net ze vill verrode gëtt?
JamieLeo
07.04.2014 - 13:07
jo genau, et muss jo net direkt ganz öffentlech gemaach gin, mee eng Benoorichtegung fir d'Finalisten asw. géif ech nawell gudd fannen