Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Allgemeng (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=16)
-- Froen zu Photogen (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=19)
--- Allgemeng Froen zu Photogen (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1911)


Geschrieben von Paul-W am 26.08.2012 um 10:27:

Fragezeichen Allgemeng Froen zu Photogen

Gudde Moien,
Sinn ganz nei hei (den 2ten Daag) mee fannen keng FAQ iwer de Site selwer ?!
Entweder hunn ech Tomaten op den Aaen oder et ass neischt entspriechendes do ;-)

1) wat ass de Photogen Skill - a wei kridd éen do dei Punkten ?

2) Wei éen Daag ass dann de Beschten vir seng Fotoen eropzelueden wannn éen well an Wochenofstemmung ?
Ech hunn z.B. Gescht Owend 2 Fotoen eropgelueden ... an haut ass Ofstemmung ?
Do hunn ech jo da bal keng Chance ;-)
Wei fonktionneiert dat ?

Merci an nach en scheinen verréntene Sonndeg

Paul



Geschrieben von gogo am 26.08.2012 um 12:13:

 

Salut Paul,

t'huet näischt mat Tomaten ze dinn, mais mat sichen :-p

1)
http://photogen.lu/forum/thread.php?threadid=95&hilight=skill

2)
ass eng Saach vu Chance,
déng Foto muss vun engem aanerem an d'Wochenoofstëmmung eragewiëlt ginn,...
Wéini iergendeen méngt dass déng Foto derwäert ass fir an d'Wochenoofstëmmung eranzekommen, léisst séch leider net wierklech beaflossen :-/

Ech well domadder soen, et si scho vill gudd Fotoen nët an der Wochenoofstëmmung gewierscht (well se iwwersinn gouffen oder well einfach keen se an d'Wochenoofstëmmung gewielt huet...)

An heinsdo sin einfach grujeleg Fotoën bei der Wochenoofstëmmung derbäi,..

Eenzeg Chance, mach eng super eenzegaarteg Foto, dann geet de Rescht vun alléng (hoffentlëch) :-)


3) hei ass d'sich funktioun vum Forum
http://photogen.lu/forum/search.php

4) géi lo eng eenzegaarteg Foto fir d'nächst Woch maachen ! :-)



Geschrieben von Paul-W am 26.08.2012 um 12:58:

Daumen hoch!

Super !!
Merci vir dei schnell a prézis Äntwerten.
Ech hat am Photogen selwer no den Äntwerten gesicht ... an net am Forum unglücklich
Elo hunn ech alles kapeiert !



Geschrieben von Paul-W am 05.10.2012 um 13:44:

  Kommentaren

Gudde Mëtteg,

Sichen verzweifelt wei éen é Kommentar ka läschen (natiirlech nemmen sein Eegenen)
Och d'Suchfunktioun hued mer net gehollef ;-)



Geschrieben von Johny am 05.10.2012 um 14:27:

 

Kanns de net, kanns en just editéieren smile



Geschrieben von Paul-W am 05.10.2012 um 14:50:

 

ok - hunn elo einfach en Punkt dragesat - geseit zwar och dähmlech aus LOL
Läschen wir awer besser !


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH