Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Support (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=21)
-- Foto Forum (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=31)
--- Op Foto Opmierksam man (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=673)
Geschrieben von MarcGerard am 29.04.2008 um 23:50:
besi vu béidem fläit
Geschrieben von Metalbambi am 28.07.2008 um 15:35:
Hun ech vrun 2 Deeg robgelueden an keng S** well mer eppes derzou soen...
Ok ech wees se ass bessen lusch, mee ass gewollt.^^
Stairway To Heaven
Geschrieben von BlackPanther am 20.10.2008 um 23:28:
hmm...also ech wees joh dass se onkonventionell as...mee dass se dofir einfach IWERGAANGEN muss gin......
wier WIERKLECH FROU zumindest EEN...sennvollen...Kommentar derzou ze kreien! ;o)
merSi am firraus
))
Geschrieben von dentom am 05.12.2008 um 15:37:
Salut, hunn och mol den Wee an den Forum fonnt. Gutt Idee mat desem Thread. Wollt just froen waat der vun deser Foto haalt, kruut nämlech keng comments an wollt trotzdem wessen, waat een besser kann man...
http://photogen.lu/index.php?page=view_photo&id=31683
Geschrieben von Baba am 19.12.2008 um 09:52:
Salut Alleguer
Ech profitéieen och emol vun desem Thread. Well ech sinn wierklech e bessi traureg dat awer och guer keen vun denen déi sech déi Foto ugekuckt hun , mier mol net zereck gewënscht hun. Ech wees jo dat d'Foto selwer net ganz schaarf ass, wor wahrscheinlech zevill no um Objet drun. Mee awer, e klengen "Och dier alls guddes" oder esou hätt ech mer awer erwart.
Geschrieben von Johny am 22.12.2008 um 10:18:
Et geet net duer eng Foto ze maachen an Äntwerten ze kréien just wéinst dem wat een derbäi geschriwwen huet, och wann et léif gemengt ass. D'Foto ass mat hierem Toun dee se huet net wirklech Krëschtdags-passend, an d'Motiv ass net interessant fotograféiert, dofir hues de net direkt Kommentarer dozou kritt.
Dir awer och e schéint Chrëschtdagsfest
Geschrieben von Baba am 22.12.2008 um 10:41:
Villmols Merci Johny
Och dier Shéi Feierdeeg an Alles Guddes fier 2009.
Ech hun mei Fett jo lo kritt, och mal villen Remarken wénst der Foto. An ech wärt mier dat bestemmt zu Härzen huelen.
Geschrieben von BlackPanther am 07.02.2009 um 18:49:
@TomS:
hmm...naischt geint dech mee wees net op et Zweck war hai dei halef Gallerie ranzeposten....
dei läschten Fotoen sen knaps een Daach aal, giff den Lait mol Zait lossen eppes ze schreiwen...
ech perseinlech fannen dass eng Foto zu engem Kommentar muss UREEGEN...-iergendeppes- ze knipsen an zerwaarden dass dann een -iergendeppes- derzou seet klappt meeschtens net...
ausserdem as et emmer besser fir den wou kommenteiert en kritt och Reckmeldung op een Kommentar!
sugur ech verleiren dLoscht wann AACHT Fotoen optauchen dei einfach mol gären een Kommentar hetten...do get et nach fill anrer dei mei haart dono jaitzen!
sry
Geschrieben von TomS am 07.02.2009 um 19:30:
Et as effektiv een kommentar dobai deen ech net zereckkommenteiert hun, an deen aanern haat ech privat kommenteiert well ech dei persoun kennen. Normalerweis kritt jiddereen eng Reckmeldung vun mär, an deen wärd ech net onkommenteiert loosen.
Zum Thema Loscht verleieren, ech verleieren och loscht wann een keen feedback kritt, well den Senn vun engem souengem Fotosite as unsech jo sech ze verbesseren, mä wann keen feedback kennt as daat schweier. Op allefall wuar daat am Ufank deen eenzege Grond gewierscht firwaat ech mech demols hei ugemellt haat, an eben och lo hei am Club sin.
Ech kann lo net behaapten iergendeppz ze knipsen an daat dann ropzelueden, ech mache mer schon emmer meng Gedanken drem an et stecht och Arbescht dran. Wann daat net sou ukennt, dass schengt et wei wann ech eppz geif falsch machen, an DO sin mer rem beim Thema Feedback.
Et as einfach nemme Schued dass Kommenteier bereedschaft sou ofhellt dass baal nemmen nach dei kommentarer kreien dei entweder "Perfekt" Fotoen machen oder dei Leit dei d'hallef vun de User vum Site perseinlech kennen.
As einfach nemme schued, an daat schued natirlech dann och d'Attraktiviteit vum Site, waat ech perseinlech immens Schued fannen.
Sou kennt et opallefall mol bei mär eriwwer.
Bon lo sin mer e besse Vill Offtopic hei wann nach eppz ass kenne mer jo per PM eis nach e bessen austauschen ;-)
Geschrieben von Gaga am 24.02.2009 um 09:02:
RE: Op Foto Opmierksam man
Ech well net weinst enger Remarque en Theme erstellen, mais ech fannen dat och net fill Leit bei hier Fotoen posten, ob se verschaft as oder net ! Daat as dach eng imens wichteg Info !!!
Also ech schreiwen emmer derbai dat zb. nemmen en Crop an t'Rum gemach gin as, oder eben mei .....
Virwaat mecht keen daat ?
Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH